Dës Woch war et méi sauer fir e Choix ze maachen. An anere Wierder; et ass genuch nei Musek prett fir gelauschtert ze ginn. Dem Alec Benjamin säin éischte richtegen Album zum Beispill, oder eng weider Plack vum Lea. Déi 3 Albumen déi mir dës Kéier an d'Vitrinn stelle komme vum Lady Gaga, Badly Drawn Boy a Fynn Kliemann.

29/05/2020 Nei Musek fir de Weekend

Chromatica war jo scho fir den Abrëll ugekënnegt. D'Lady Gaga huet sech duerch déi weltwäit Pandemie decidéiert de 6. Album eréischt 7 Woche méi spéit erauszebréngen, dat wär dann dëse Weekend. Entstanen ass Chromatica zum gréissten Deel am Atelier vu sengem Haus zu Hollywood. D'Lady huet dat Haus eréischt 2016 kaf a keen anere wéi de Frank Zappa hat an deene 4 Wänn säi Studio. No der Hollywood-Experienz, déi jo mat vill Succès gekréint ginn ass, kréie mir elo erëm déi Lady Gaga déi mir virun A Star Is Born kannt hunn. Déi nei Musek soll, Zitat Lady Gaga, d'Leit zum danze bréngen a se glécklech maachen. Nieft dem Stefani sinn op Chromatica och nach den Elton John, d'Ariana Grande an déi südkoreanesch Girlgroup Blackpink ze héieren. Beim Songwriting a Produzéiere stounge Leit wéi BloodPop, Axwell a Ryan Tedder zur Säit.

Den Damon Gough huet virun exakt 20 Joer säin Debutalbum erausbruecht. Säi Kënschtlernumm ass eventuell méi bekannt, Badly Drawn Boy. De grousse Succès gouf et 2002 mam 2. Album About A Boy. Haut si mir beim 9. Album vum Britt ukomm, Banana Skin Shoes ass déi éischt nei Musek an 8 Joer. De Singer/Songwriter a Multiinstrumentalist ass elo schonn e véierels Joerhonnert am Business, viru senger éischter Plack si vun 1995 bis 2000 awer nëmmen EPen erauskomm, seng Musek beweegt sech tëschen Indie Rock, Indie Folk a Lo-Fi. Wie sech op déi éischt zwou Singlë Banana Skin Shoes an Is This Is A Dream? aléisst, soll sech am beschten op eng psychedelesch Rees preparéieren.

Beim Numm Fynn Kliemann weess een net wou een ufänke soll. De Fynn ass Webdesigner, Entrepreneur, Auteur, Acteur an och nach heiansdo Museker a virun allem fir seng éischter onkonventionell Projete bekannt. Hei eent vu ville Beispiller: fir d'Lidd Schmeiß mein Leben auf den Müll huet hien e puer Deeg virun der Publikatioun vum Video en Opruff gemaach, eng Frame vu sengem Video nozemaachen. Senger eegener Ausso no sinn a knapp 10 Stonnen 50.000 Biller erakomm, déi hien dann och an de Video agebaut huet. Déi Aktioun hat hie lancéiert well de Video wéinst dem Coronavirus doheem gemaach ginn ass. Nach en anert Beispill; seng Dokumentatioun 100.000 - Alles, was ich nie wollte sollt dëse Weekend an de Kinoe kommen, awer nëmme fir een Dag. Alt erëm huet de Virus e Stréch derduerch gemaach a sou gouf de Film schonn de 25. Abrëll am Internet gewisen. En Deel vum Erléis vun de verkaaften Ticketen huet de Fynn u lokal Kinoe gespent. Also mam Fynn gëtt et net langweileg, säin aktuellen, 2., Album heescht ganz einfach Pop.