Et ass eng Fro déi sech dacks gestallt gëtt an der Finanzwelt oder wann een an déi Welt eraklamme wëll. Ass elo de richtegen Ament fir Aktien ze kafen oder soll ech nach d'Fanger dervu loossen?

26/05/2020 Aktien kafen 12h15

D'Joer 2020 huet staark ugefaang op de Bourssen, huele mer do nëmmen d'Beispill vum däitschen DAX . Wéi de Claude Schettgen betount, ass déi dreiwend Kraaft hannert de Boursen zanter Joren dat ganzt gënschtegt Zënsëmfeld an déi massiv Liquiditéit déi vun den Zentralbanken an d’Marchéen gepompelt gëtt.

En plus huet d’Wirtschaft en relativen Boom kannt den no Lehman ugaang war an wuel och nach en bëssi weider gaangen wär. Huelen mir den däitschen Dax als Beispill, den war schonn bal op 14000 geklommen, neien historeschen Héchststand, huet dunn, duerch d’Pandemie 5300 Punkten verluer, an punkteméisseg  zanterhir awer schonn erëm d’Halschecht recuperéiert, hien leit domat allerdéngs nach net fir dat lafend Joer am Plus. Positiv fir d’Joer ass awer schonn den Technologieindex Nasdaq.

Déi 5300 Punkten déi den DAX duerch d'Pandemie verluer hat, dat entsprécht gutt 30 Prozent.

Wann een driwwer schwätzt, wéini dann de richtege Moment ass fir Aktien ze kafen, dann ass deen dem Claude Schettgen no villäicht scho laanscht.

Den Tournant war schonn den 18. Mäerz, wou den "plus bas" vum Joer erreecht gouf. Oft gëtt jo den groussen Boursen-Guru Warren Buffet zitéiert als den den ëmmer dann keeft wann déi aner panikéieren, dee Moment am Mäerz huet den allerdéngs des Kéier verpasst an sëtzt op bal 200 Milliarden Dollar Cash. Op hien nach eng Kéier gënschteg ze kafen kritt ass den Moment wuel vrun allem dovun ofhängeg op et zu engem zweete Lockdown kënnt, well déi 2 Elementer déi d’Boursen bis dato gedroen hunn, d’Zënsen an den Cash sinn elo nach verstäerkt ginn, d’Taux nach erof an Hëllefsprogrammer vun enger Abberzuel Milliarden,an et ass ze liesen, d’Boursen hunn 2020 eigentlech schonn ofgehaakt an hunn sech op en gutt nächst Joer mat däitlecher Reprise agestallt.

Sollt een sech dann elo awer dofir entscheeden ze kafen, esou gëllt et op verschiddenes opzepassen

Et ass jo populär ETFen ze kafen, sougenannten Indextracker, heescht, et keeft een en Schäin op den Dax, geet den erop gewënnt een an ëmgedréit. Elo wär ech do vun elo un virsiichteg well déi breed Indexen mussen net onbedéngt an Zukunft massiv klammen, et kënnt op d’Secteuren un. Sou gëtt jo vill drop gedrängt, mat deenen villen ëffentlechen Suen vrun allem klimafrëndlech Investitiounen ze ënnerstëtzen, wéi erneierbar Energien, den Hydrogen-Auto asw., dann, an dat gesäit een un där gudder Performance vum Nasdaq misst d’Technologie kënnen vun der Kris profitéieren, Home Office an Home Schooling bedéngen méi Digitalisatioun, mat entspriechenden Infrastrukturen, heescht am Resumé, et muss een gezielt kafen an net ganz breet streeën. D’Fangeren ewech géing ech emol nach vun den Airlinen, dem Tourismus an den Banken bleiwen.

D’Fangeren ewech loossen sollt ee punkto Aktien elo mol nach vun den Airlinen, dem Tourismus an de Banken.

Wat e Pronostic ugeet wier et wichteg, dass d'Wirtschaftszuelen weisen, dass et eng séier Reprise gëtt.

Dass dat kann esou goen leit och mat do drun dass mir et net mat enger struktureller Kris ze dinn hunn, mä engem hoffentlech eemolegen negativen Effet.
Ausserdeem gesinn ech nach 3 Zorten vun Risiken: d’Handelskricher, haaptsächlech tëscht den USA an China, Länner déi duerch déi enorm budgetär Depensen déi grad fälleg ginn, insolvent ginn, wéi dat zum Beispill schonn Argentinien dréit, et musse en wëssen, Scholdenkrisen maachen ëmmer duebel esouvill Schued wéi reng Aktienkrisen, last but not least kënnt déi gréisst Wirtschaft op der Welt lappen, dat wär fir keen gutt. D'USA ginn grad ganz schlecht regéiert, duerch hiren prekären Sozialsystem däerft et vill Victimen ënnert den bëllegen Aarbechtskräften ginn, dat erëm geet zu Laaschten vun der Produktivitéit, an dann sinn eben och nach an den USA Wahlen, an ech weess net op d’Boursen en zweeten Mandat Trump gutt géinge fannen. 

A wéi de Claude Schettgen scho betount huet, dierft et elo just net zu engem neien Lockdown kommen.