Et héiert een ëmmer méi vu Podcasten. Dobäi ass dat keen neie Phänomen. D'Konzept ass schonn 20 Joer al, de Begrëff selwer 16 Joer. Den iPod vun Apple huet deemools gehollef, datt Podcaste séier populär gi sinn, och wa si elo eréischt hire richtege Mainstream-Boom erreecht hunn. De Gérard Floener mat Explikatiounen iwwert de Media Podcast a wéi een se lauschtere kann.

27-05-2020 Wat ass eigentlech ee Podcast a wei kann ech dee lauschteren

Ee Podcast ass u sech näischt anescht ewéi Audio deen ee lauschtert, wann ee grad Zäit huet. Dat ka ganz spezifeschen Audio iwwert een Thema sinn, dee just eng ganz spezifesch Zilgrupp uschwätzt, ganz dacks ass et awer och eng Manéier fir Emissioune vum Radio kënnen onofhängeg vun den Diffusiounszäiten um Radio ze lauschteren.

Als Beispill: Dir hutt de Moien am Auto den Invité vun der Redaktioun op RTL gelauschtert, mä Dir konnt en net fäerdeg lauschteren, well Dir ukomm sidd an net weider am Auto konnt bleiwen. Natierlech kënnt Dir dat, wat Dir verpasst hutt op RTL.LU am Replay lauschteren. Do musst Dir dann awer selwer aktiv ginn.

Beim Podcast kënnt Dir soen: Ech wëll déi Emissioun all Dag lauschteren, egal ob ech grad disponibel sinn, wann se um Radio leeft, an ouni se all Dag musse sichen ze goen. Dofir abonéiert een e Podcast deen een interesséiert, an dee kritt een dann automatesch op säi Smartphone, seng Tablett, säi Computer, an esou weider, geliwwert.

Dofir brauch een awer eng App, mat där een e Podcast abonéieren a lauschtere kann. Apple a Google hunn där Podcast Appen op den Apparater mat hire Betribssystemer drop, et ginn awer och vill Alternativen, déi nach méi confortabel sinn, an net un d'Hiersteller gebonne sinn.

Mat deenen offiziellen Appe braucht Dir just no deem Podcast ze sichen deen Dir lauschtere wëllt, a scho kënnt Dir en abonéieren. Bei aneren Apps braucht Dir d'Adress ënnert där de Podcast als éischt ugebuede gëtt. Bei RTL fannt Dir d'Podcasten op der Säit podcast.rtl.lu. Do ginn et pro Podcast 2 Linken: Deen ee féiert op d'Apple Podcast Säit, deen aneren proposéiert deen direkte Link op d'Podcasten um RTL Server, am XML-Format. Kléngt komplizéiert, ass awer ganz einfach: D'Adress vun deem Link mam XML-Format braucht Dir just an ärer Podcast App anzeginn, an scho sidd Dir abonéiert a gitt automatesch informéiert, wann een neien Episod do ass, an Dir kënnt deen da lauschteren, wéini Dir Zäit hutt. Déi direkt Adress um RTL Server huet och de Virdeel, datt een neien Episod do direkt disponibel ass, wärend et ëmmer e bësschen dauert, bis en och op anere Podcast Plattformen opdaucht.

Och fir de Computer ginn et Podcast Programmer, am einfachsten ass dat mat engem klenge Plug-In fir den Internetbrowser. Also ee klenge Programm deen een an de Browser, mat deem een um Internet surft, installéiert. Doduerch léist sech esou ee Feed, wéi d'Säit heescht op där déi nei Podcast Episoden geliwwert ginn, och ganz einfach abonéieren.

Podcast ergänzen de klassesche Radiosprogramm, well se sech vill méi einfach a séier un d'Gewunnechte vun den Nolauschterer upasse kënnen.

RTL Emissiounen wéi de Background oder den RTL Afterwork kënnt dir schonn als Podcast abonéieren, oder Rubriken ewéi d'HitStory oder de Blog "Eko? Ass dach logesch!". An et gëtt och Saachen ze lauschteren, déi Dir net vum Radio kënnt, wéi de Corona-Podcast deen den Deconfinement mat Gespréicher mat Experte begleet, oder Interviewe mat Gespréichspartner ronderëm d'Welt, wéi si de Confinement erlieft hunn.