E bëssi Retard krute se schonn s, ma elo huet d'EU-Kommissioun hir Biodiversitéits- a ''Farm to Fork''-Strategie publizéiert.
An dësen Dokumenter sinn d'Haaptpunkte vun der Biodiversitéits- a Liewensmëttelpolitik vun der EU fir d'kommend Joerzéngte festgehalen a sinn d'Schlësselkomponente vun den europäesche ''Green Deals''. D'Marie Gales huet mam Mathieu Wittmann, de Responsabele fir politesch Projete bei Natur an Ëmwelt geschwat.

28/05/2020 E Plang fir d'Welt ze retten

Déi gläichzäiteg Publikatioun vun den 2 Strategie ass souwuel wichteg wéi och remarkabel, well sou déi déi intensiv Landwirtschaft a Fëscherei als gréisste Force fir de Verloscht vun der Diversitéit unerkannt an ugaange ginn an d'Importenz vun der Biodiversitéit an hirer Fërderung endlech confirméiert gëtt.
Mathieu Wittmann: Do geet et drëm eise Liewens- a Wunnstil a wéi mir wirtschaften, produzéieren an konsuméieren vill méi nohalteg ze gestalten an d'EU doduerch zu engem weltwäite Leader a Punkto Nohaltegkeet an awer och Klima- an Ëmweltschutz ze maachen. Zum Beispill dovunner ass fir Europa zum éischte CO2- Neutrale Kontinent ze maachen, dat ass d'Haaptmotiv, dat d'EU-Kommissioun elo erausgesicht huet.

D'EU-Kommissioun huet verstanen, dass mir an enger Klima- a Biodiversitéitskris schwiewen, si hunn d'Wëssenschaft gelauschtert an d'Etüde gelies. Bei der ''Farm to Fork''-Strategie geet et wat vum Feld bis op den Teller kënnt, also de Liewensmëttel- an Landnotzungssystem an der EU; dee soll méi nohalteg ginn, effizient, fair a resilient ginn mat manner Offall wgl. Bei der Biodiversitéitsstrategie si mir beim Ökosystem an Diversitéit, déi musse geschützt a gestäerkt ginn a se um Liewen gehalen. Wéi dat soll goen, erkläert de Mathieu Wittmann unhand vu Beispiller.
Mathieu Wittmann: Natur- a Gebittsschutz, dat wieren 30 Prozent vum Land an de Mierer bis 2030 ze schützen. 1 Drëttel dovunner soll ganz streng geschützt ginn. Da bei de Renaturéierungsinitiative solle 25.000 Kilometer fräilafend Flëss renaturéiert ginn, 3 Milliarde Beem solle geplanzt ginn, et gi Gréngpläng fir Stied, Pläng fir invasiv Aarten, fir Bestäuber, fir aner Déieren- a Planzenzorten. An der Landwirtschaft gëtt och drop gekuckt fir Pestiziden ze reduzéieren, souwuel an der Quantitéit an der Toxicitéit. Et solle Landschaftselementer wéi Hecke bäibehale ginn fir d'Biodiversitéit ze fërderen. Biolandwirtschaft ass e weidere Punkt, d'Düngemëttel solle reduzéiert gi grad wéi den Närstoffverloscht an de Biedem. Liewensmëtteloffall soll erofgoen am beschte soll deen halbéiert ginn.

Allerdéngs ginn et keng genee Daten wéini dat elo ugeet, dat hänkt vu verschidde Mesuren an de Virschrëften of. An natierlech...
Mathieu Wittmann: Wat den Europäesche Rot an d'Europäescht Parlament dozou soen an natierlech all d'EU-Memberstaaten dozou soen.

Bleift dann ze hoffen dass se och vun de Memberstaaten ugeholl ginn. Orientéiert gëtt sech um Joer 2030, bis dohinner soll villes ëmgesat sinn, wann dann! Mä nach e Luef um Schluss!
 Mathieu Wittmann: Mir (Natur an Ëmwelt) als Natur-an Ëmweltschutzorganistaioun si frou iwwert dës Dokumenter vun der EU, well d'Kommissioun trotz dem Drock vun de Lobbien an verschiddene Parteien, staark bliwwen ass. Endlech besteet och eng reell Hoffnung, dass eppes kann a soll geschéien an dass d'Nohaltegkeet gemainstreamt gëtt. Endlech gouf op d'Wëssenschaft gelauschtert, wat net sou selbstverständlech ass.
 

Dës Dokumenter sinn also iwwerliewenswichteg, well ouni eng global a radikal Verännerung wäerte bis zu enger Millioun verschidden Aarten ausstierwen a wann déi global Erwiermung 1,5 °C méi an d'Luucht geet, ass och d'Iwwerliewen vun eis Spezie a Gefor.

Hei kommt Dir zu den offiziellen Dokumenter:.

The global assessment report on Biodiversity and Ecosystem Services – Summary for Policymakers (2019). Intergovernmental Science-Policy Platform on Biodiversity and Ecosystem Services (IPBES):