Wie genee kuckt, deem dierft opgefall sinn dass et op de Blummen den Ament summt a brummt.  D'Michèle Schons huet der Bommel mol méi genee nogekuckt.

29052020 Bommelen

Déi eng gi sat, déi aner planzen sech fort. En Deal deen sech fir béid Säite lount, dat schonn zanter Urzäiten. D'Planze bidden de Beie mat hire Pollen Nahrung an d'Beie revanchéieren sech mat der Bestëbsung. Eng Hummel ass net gläich eng Hummel an et gi verschidden Aarten, ma si si richteg Superhelden. Si kënnen net nëmme bei méi kalem Wieder fléie ma och am Reen. Donieft bréngen se et fäerdeg fir u Pollen erunzekommen, wou keng aner Bei hikënnt, wei zum Beispill bei der Tomatebléi. Hei maachen se duerch d'Beweegung vun hire Flilleken eng Vibratioun déi et erméiglecht dass déi Pollen sech léisen.

Wéi och vill aner natierlech Prozesser déi sech am Laf vun der Evolutioun openeen ofgestëmmt hunn, ass och dësen mam Klimawandel aus dem Gläichgewiicht. D'Temperaturen déi klammen, loossen nämlech vill Insekten nom Wanter nees méi fréi aktiv ginn, ze fréi fir sech un de Bléie sat z'iessen. Déi europäesch Hummelart huet sech am Laf vun de leschten dräi Joerzéngten einfach ugepasst. Wann et schonn éischter waarm gëtt, da knabbert d'Bommel einfach d'Blieder vun der Planz un, wat eng Aart Stressreaktioun bei der Planz ausléisst, an déi da méi fréi ufänkt mat bléien, well se sech nach fortplanze wëll iert se ageet. Esou kënnt d'Hummel dann un hiren Nektar. 

Jee no Planzenaart kann d'Bommel d'Bléi mat hirer Manipulatioun tëscht zwou a véier Woche virverleeën.

A fir d'Déier och ze schütze kann een a sengem Gaart e puer Insektefrëndlech Planzen uséien, an hinnen e bësse Material zur Verfügung stellen wéi e Beienhotel, oder einfach Aalt Holz, wou se hir Larven draleeë kënnen.