De 7. Juni um 20h05 soll iwwerall an Europa de Beatles-Titel "Here comes the sun" gesonge ginn.

02/06/2020 Let's make Europe sing

Et handelt sech hei em e kuerzfristege Projet, dee vu BOZAR Bruxelles proposéiert gëtt. Vu, datt hire Festival "Singing Brussels" (5000 Choristen) ausfält, plangen si eng online-Versioun. Si bidde verschidden Atelieren op Facebook an anere soziale Medien un.

Doriwwer eraus, soll um 20h05 jiddereen op de Balcon oder eraus goen, fir d'Lidd vun de Beatles ze sangen. An der Belsch bidden déi wallounesch a flamännesch Radiostatiounen hire Support un, andeems si "Here comes the sun" um 20h05 um Radio ausstralen, a soumat proposéiert hunn, en europäesche Projet draus ze maachen.