Virun 100 Joer gouf den däitsch-polnesche Literaturkritiker gebuer an zielt nach haut zu de aflossräichsten däitschsproochege Literaturkritiker vun senger Zäit. De Reich-Ranicki huet och d'Schrecke vum Nazi-Däitschland iwwerlieft, als ee vun de Wéinegen de Warschauer Ghetto.

02/06/2020 OP den Dag: 100. Gebuertsdag vum Marcel Reich-Ranicki

Den 2. Juni 1920 gouf hien als Marceli Reich a Pole gebuer a gouf däitsch-polneschen Autor a Publizist an zielt nach haut zu den aflossräichsten däitschsproochege Literaturkritiker vu senger Zäit. De Reich-Ranicki huet och d'Schrecke vun Nazi-Däitschland iwwerlieft, als ee vun den Wéinegen de Warschauer Ghetto. Mat senger Fra konnt hie flüchten an am Ënnergrond iwwerliewen.
Säi Papp, seng Mamm a säi Brudder sollen net Holocaust net iwwerliewen.

Fir d'éischt hat hien als Literaturkritiker bei der Wochenzeitung Die Zeit geschafft, du bei der Frankfurter Allgemeinen Zeitung. Hie gouf zum erfollegräichsten awer och ëmstriddenste Literaturkritiker an Däitschland.
Hien huet nieft Rezensiounen an Essayen, déi a villen Zeitungen gedréckt goufen, och kritesch Introduktioune fir Wierker vu Goethe, Fontane, Storm, Hesse an Heinrich Mann geschriwwen an huet och Bicher iwwersat.
Hien huet als Professer op verschiddenen Unie geschafft an eng Rei Redaktioune fir Literatur geleet.
Duerch legendär Radios- an Televisiounsoptrëtter krut hien den Numm „Literaturpapst“, och als Initiator vun der Literatursendung 'Das Literarische Quartett', dat hien vun 1988 bis 2001 moderéiert hat. Säi gréissten an androcksvollsten Erfolleg hat hien am Alter vun 80 Joer als Schrëftsteller, do koum seng Autobiographie "Mein Leben" eraus, déi 8 Joer méi spéit verfilmt gouf.

Bestuet war hie mam Teofila Reich-Ranicki an si haten zesummen de Fils Andrew Ranicki, deen dat lescht Joer gestuerwen ass. 2 Joer nom Doud vu senger Fra ass de Marcel Reich-Ranicki de 18. September 2013 am Alter vun 93 Joer GeGefir ëmmer vun eis gaangen