Suzi Quatro war an den 70er Joren virun allem an Europa eng vun den erfollegräichste Rockmusekerinnen. Haut kritt Suzi Quatro 70 Joer.

03/06/2020 Op Den Dag: Suzi Quatro

Duerch den Art Quatro Trio an deem de Papp vum Suzie Quatro musikalesch aktiv war ass Suzi Quatro relativ séier bei d'Musek. Schonn am Alter vun 8 Joer ass si eng éischte Kéier beim Papp an der Band opgetrueden.
Doropshin huet si geléiert Piano spillen, bis se mat 14 Joer bei de Rock n Roll komm ass. Suzi Soul huet se sech vun elo un genannt a krut direkt eng Plaz als Bassistin an der Band Pleasure Seekers. Eng Band aus der Heemechtsstad Detroit an där och hier Schwëstere waren.

Lokal sollt et direkt grouss ginn. Mat der éischter Single Never Thought You'd Leave Me/What a Way to Die ass iwwer si geschwat ginn. Och déi 2. Single koum gutt un. Mercury ënnersträicht d'Band vun der Suzi Quatro.
Ufanks de 70er huet d'Band sech ëmbenannt, an den Numm Cradle. De Stil ass méi haart ginn. Zu deem Zäitpunkt huet Suzi Quatro schonn un hirer Solokarriär geschafft. Déi éischt Single Rolling Stone sollt e Flopp an England ginn. A Portugal dogéint koum so domat op Plaz 1 vun den Charts. Séier gouf eng Band zesummegesat fir kënnen op Tournée ze goen.
No 2 Joer koum dunn déi 1. grouss Nummer 1. D'Lidd Can The Can soll an Europa, Australien a Japan Charts Toppen.
1977 sollt si och e Fouss an der Schauspillerei faassen. Si krut eng Roll an der Sitcom Happy Days. Dono koumen nach Optrëtter bei Inspector Barnaby an bei Dempsey & Makepeace.

Suzi Quatro war gefrot. Op BBC 2 huet sie eng Sendung mam Numm Rocking Wirh Suzi moderéiert. Do dernieft huet si ni Musek aus den Ae verluer. 2006, 2010 an 2011 koumen allkéiers nach Albumen eraus.
De grousse Chartefolleg ass awer ausbliwwen. Am Joer 2016 krut Suzu Quatro en Éierendoktertitel fir dat wat se an der Musek gemaach huet.
Zanter 1971 lieft si zu Hamburg.