eSanté, DSP, Datebank, Gesondheetssafe...do kann et engem dronke ginn an och Angscht, well een net direkt alles verstoe kann. Viru kuerzem gouf de Bréif vun de Agence eSanté erausgeschéckt, dass een elo säin DSP, also säin Dossier de Soins Partagé kann aktivéieren. D'Marie Gales huet mam Direkter vun Agence eSanté Hervé Barge geschwat.

08/06/2020 DSP - Dossier de Soins Partagé Deel 1

2006 hat d'Lëtzebuerger Regierung den Aktiounsplan eSanté ageleet, deen zu der Grënnung vun Agence eSanté gefouert huet. Et huet sech dunn erausgeschielt, dass eng Plattform néideg wier op enger Plaz Gesondheetsdaten unzeleeën an déi direkt am Fall vu Gebrauch zu Hand ze hunn.
Un des principaux services fournis par la plateforme nationale de services eSanté est le Dossier de Soins Partagé (DSP). C'est le dossier électronique d’échange et de partage de données de santé, entre et pour les professionnels de santé intervenant auprès du patient.
L’objectif principal du DSP est de favoriser les échanges entre les acteurs de santé, et ainsi permettre une meilleure prise en charge coordonnée du patient.

An dem Dossier, deen ee selwer ka geréieren oder vun engem Referenz-Dokter ka geréiere loossen, kann zum Beispill dra stoen, dass e Patient kee Penicillin dierf kréien, well en dat net verdréit. Oder et gesäit ee schonn s wat fir Medikamenter ageholl ginn an et kann een doduerch Interaktioune mat anere verhënneren. Ofgesinn dovunner wat fir Informatioune stinn dann nach dran?
Le DSP contiendra les informations que tout professionnel de santé considèrera pertinente pour la prise en charge médicale ou soignante, et la continuité des soins.

Wien elo geduecht huet, endlech komme se all deenen op d'Spuer déi vu Krankeschäiner en Abus maachen, huet sech ze fréi gefreet, sou Donnéeë kommen net dra stoen.
eSanté ne fait pas de contrôle au sens Sécurité sociale. Le DSP collecte les informations utiles de santé d’un patient pour favoriser la continuité et la coordination des soins.

Viru kuerzem krut Dir sécher e Bréif vun der Agence eSanté an an deem gitt Dir opgefuerdert gouft ären DSP ze aktivéieren. Maacht Dir dat net selwer, gëtt dësen automatesch bannent 30 Deeg gemaach. Et kann een deen awer nees läsche goen, wann Dir domadder net averstane sidd. Informéiert Iech dofir bei der Agence eSanté, fir all Fro kéint ee si gäre kontaktéieren.

Sammele vu Donnéeën ass dann e weidere Sujet do ginn et weider Explikatiounen vum Direkter vun der Agence eSanté, dëst ëm 12h15, ma mir héieren awer och besuergte Stëmmen, déi sech grad ëm dëst Sammele vun Informatioune Suerge maachen, do ass et de Chaos Computer Club, deen sech virun kuerzem do an der Press gemellt huet.

Kuckt och op