De Moien an de Mëtteg hu mir hirem Direkter Hervé Barge vun der Agence eSanté iwwert den DSP - Dossier de Soins Partagé geschwat. Den elektronesche Gesondheetsdossier, deen wichteg Gesondheetsinformatioune gebündelt op enger Plaz regroupéiert sinn fir dass e Patient séier a beschtens ka gehollef kréien. Natierlech mussen dës Donnée gespäichert ginn an do huet sech elo Chaos Computer Club mat engem Pressecommuniqué zu Wuert gemellt. D'Marie Gales huet mat hirem Pressespriecher Dennis Fink geschwat.

08/06/2020 DSP-Dossier de Soins Partagé Deel 3
RTL

© c3l.lu

Et ass net esou, dass de Chaos Computer Club géint sou en elektroneschen Dossier ass, et ka wierklech vu Virdeel sinn, mä villes wier nach net kloer.
Dennis Fink: An deem Dossier ginn et nach ze ville oppe Froen. Ginn d'Donnéeë geläscht, wann een den Dossier nees zou mécht? Wat ass mat de Backups vun deenen Donnéeën, ginn déi och geläscht? Muss een dat extra ufroen? An dann aner grouss Froe betreffen de Sécherheetsaudit, ass do ee gemaach ginn? A wat net, firwat gouf kee gemaach? A gëtt iwwerhaapt ee gemaach?

An engem Gesondheetssafe géifen d'Informatiounen vun de Patiente geschützt ginn.
Dennis Fink: An dat ass sou Wischiwaschi, do versteet kee wat do gemengt ass. Et wier schonn s gutt, dass mir wëssen, dass se a Lëtzebuerg gespäichert ginn. Et steet och am Gesetz sou dran, mä do ass dann d'Fro nees wéi genee ginn déi Donnéeë gespäichert? Wat fir eng Verschlësslung gëtt et do? Ass déi virun Hackerattacke geschützt? Kann ee rausfanne wann een Date manipuléiert? Do ginn et technesch gesi verschidde Méiglechkeete fir dat ëmzesetzen.

Den Dossier kann een nees zoumaachen. Well wann dir e selwer net aktivéiert, gëtt en no enger Zäitchen awer opgemaach.
Dennis Fink: Also mir (c3l) si schonn s frou, dass een den Dossier nees kann zoumaachen. Mä mir sinn der Meenung, dass ee misst ëmgedréint fueren, dat heescht, dass een dat misst extra ufroen amplaz dat automatesch gemaach gëtt. Dat war  eng Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung dat lescht Joer am Oktober a si hunn de System gewiesselt vun opt-IN op den opt-OUT System.

Mä a Punkto Sécherheet, wat kann dann en Hacker interesséieren ob ech héije Bluttdrock zum Beispill hunn?
Dennis Fink: Dem Hacker wäert dat warscheinlech egal sinn, mä e kann déi Donnéeë verkafen. Interessant fir Versécherungen, zum Beispill do kritt eng Versécherung eng Lëscht mat Leit, déi fëmmen. Da kéinte si deene Mënschen eng méi héich Rechnung froen well se ebe méi riskant sinn an der Zukunft méi Krankheeten ze kréien, eventuell duerch d'Fëmmen. Och wann ee selwer net direkt uginn huet, dass ee fëmmt an et huet ee Longentester iwwert Joren ewech gemaach, da kann een dat awer erausfannen, wann een déi Tester liese kann. Duerch d'Auswäerte vu sou Infoe kann een dann awer schlussfolgeren.

De Chaos Computer Club gesäit seng Aufgab dra fir d'Bierger dach am digitalen Zäitalter op Probleemer opmierksam ze maachen, déi et an dëse Systemer awer ginn. Déi Thematik wier net einfach an net jiddereen ass sou technesch affine wéi si. An eppes Guddes huet dat Hannerfroen och, well....
Dennis Fink: Si (Agence eSanté) hu sech bei eis gemellt a mir wäerte kucke mat hinnen e RDV auszemaachen a mat hinnen déi Froen duerchzegoen.

An hoffentlech ginn et da vill Äntwerten op d'Froen, déi de Chaos Computer Club an d'Ronn geworf huet. All d'Reportagen iwwert den DSP fannt Dir op rtl.lu.

Kuckt och op

an