Fir déi eng steet se vläit kuerz virun der Dier, fir déi aner ass et nach ganz weit ewech. D'Pensioun. Dacks héiert een dach d'Leit soen: "Also wann ech an der Pensioun sinn, da bleiwen ech awer net méi hei!" Da geet et fort. Am beschten erof an de Süden, wou dat ganzt Joer iwwer d'Sonn schéngt. En amerikanescht Business Magazin, CEOWorld, huet elo eng Lëscht mat den 42 beschten Länner, wou ee seng Pensioun am beschten ka verbréngen, erausbruecht.

16/06/2020 Déi bescht Länner fir d'Pensioun ze verbréngen

Op der éischter Plaz ass Neiséiland. D'Land um aneren Ënn vun der Welt bitt alles, wat ee sech als aktiven Pensionär sou wënschen kéint. Kilometerlaang Plagen, flott Wanderweeër fir all Niveauen an eng immens Liewensqualitéit ouni Stress. En plus wier d'Wierder ideal an dat neuseelännescht Gesondheetssystem wier immens gutt opgestallt mat niddregen Käschten.

Op Plaz zwee dann eist klengt Ländchen, Lëtzebuerg. Wisou also weit fortlafen, wann et Doheem dach am beschten ass. Op der Internetsäit vum Magazin steet, dass Lëtzebuerg eng butzeg Natioun an Europa wier an déi perfekten Plaz fir Pensionären wier. Net nëmmen wieren d'Prozeduren fir sech hei néier ze loossen einfach, mee mir hätten och eng gutt medezinesch Versuergung an en agreabelt Klima. Mir wieren immens Bierger frëndlech an et kéint ee bei eis mat engem bescheidenen Budget liewen. Op dat allerdéngs alles sou stëmmt sief elo mol dohi gestallt.

Op der drëtter Plaz vum Ranking dann d'Schwäiz. Net nëmmen déi impressionant Natur géing d'Schwäiz eng ideal Plaz maachen fir seng Post-Job Zäiten ze verbréngen. Ma och wier d'Land immens sécher, propper a frëndlech an géing och vun engem qualitativ héichwäertegen Gesondheetssystem profitéieren.

Länner, wéi Spuenien, Portugal oder Frankräich landen awer nach an den Top Ten. Virun allem a Spuenien géing sech ëmmer méi eng grouss Gemeinschaft un Expats fannen an déi niddreg Käschten fir ze liewen plus dat agreabelt Wierder an déi gutt Kichen, géingen d'Land am Süden vun Europa mat zu engem Hotspot maachen, wann et ëm säin drëtt Liewen geet. En plus wier déi zweet offiziell Sprooch Englesch, wat et ëm sou einfach géing maachen, fir do ze wunnen.

Portugal wier gutt, well et éischtens am weltwäiten Ranking als eent vun de séchersten Länner gëllt. Dobäi géing kommen, dass d'Wierder an déi wonnerschéin Natur een géing alueden Mëtteger laang an der Sonn ze leien. An d'Land hätt immens extra frëndlech Taxen agefouert fir Leit, déi dohinner immigréieren wéilten.

Bleift eis also just nach iwwerlooss, wou mir da gären hi wëllen.