Nom Lockdown kënnt lues a lues erëm Normalitéit an eist Liewen. Och an deene Länner wou COVID-19 besonnesch schlëmm war, wéi a Spuenien. Zu Barcelona wunnt a schafft zënter 15 Joer d‘Petz Scholtus. De Christian Schmit huet sech mat der Lëtzebuergerin iwwer d‘Situatioun an der katalanescher Stad wärend, an elo nom Confinement, ënnerhalen. 

17.06.2020 Déconfinement Lëtzebuergerin zu Barcelona

D’Petz Scholtus huet sech scho vru laanger Zäit an d’Stad Barcelona verléift, an déi dann och zu senger neier Heemecht gemaach. Et wunnt ee matzen an der Stad net weit vun der berüümter Sagrada Familia. Si hat och e Commerce ugefaangen, deen an der Pandemie huet missten zoubleiwen.

Terrass an de Strand si mat Restriktiounen erëm op, Sport dierf een erëm maachen  a vrun Dir wann e well. Mee keng Touristen, ergo och nach ëmmer keng Buchungen beim Petz am Calpin. Den 1. Juli dierft een opmaachen, mee et zeckt ee nach.
Och wann et zur Zäit Barcelona ganz idyllesch ass, kuckt d'Petz mat Suerg an d'Zukunft fir den eegene Business, mee awer och wéinst der finanzieller a sozialer Kris déi elo hannendru kéim, a kaum ze evitéiere wier. Op där anerer Säit wier elo de Moment fir Verännerungen, an esou Projeten géif et schonn.
D’Barcelonesen zitt et am Moment un d’Costa Brava, oder an d’Hannerland, wéi d’Wäigéigend Penèdes, je och do Tourismus doheem. A sollt een op Barcelona reesen, beim Petz Scholtus kann een a senger „Yök Casa“ gären iwwernuechten.