Den 2. Abrëll ass de Welt-Autismus-Dag, dëse gouf agefouert vun de Vereenten Natiounen an eng ganz Rei Aktiounen ginn do organiséiert. Ënnert anerem ginn ëffentlech Gebaier blo agestraalt fir op Autismus opmierksam ze maachen. Dëst Joer war dat duerch d'Coronakris net méiglech. Mat et gëtt och den Autistic Pride Day an deen ass haut. Mä wat genee versteet een ënnert dem Begrëff ''Autismus'' a wat fir Virurteeler ginn et haut nach ëmmer, dat huet d'Marie Gales nogefrot, beim Danielle Philippi, der Chargée de Direction vun Autisme Lëtzebuerg asbl.

18/06/2020 Autistic Pride Day

Wann ee freet, wat ass Autismus, gëtt et schwéier fir ze erkläre wat fir Symptomer dann ausschlaggebend sinn fir dass ee soe kann, deen oder deen ass en Autist. Medezinesch erkläert, ass d'Diagnose sou:
Danielle Philippi: Autismus ass eng déifgräifend Entwécklungsstéierung mat Symptomer virun allem an der sozialer Interaktioun, der Kommunikatioun sief et verbal oder non-verbal; ma och duerch ageschränkt repetitiv a stereotyp Verhalensweisen an Interessen an Aktivitéite markéiert ass. Déi Symptomer hänken awer jee no Schwéiergrad of, dat heescht, et ass elo net ee wéi deen aneren an och ob eng intellektuell Beanträchtegung ass oder net.

Et wier och méi sënnvoll fir vun engem Autismus-Spektrum ze schwätzen. Well fir genee ze soen, dëst ass en typescht Beispill vun Autismus, dat geet net sou einfach.
Danielle Philippi: Et gëtt keen Autist, et gëtt dacks gesot, dat ass typesch autistesch! Dat si Virurteeler, déi an der Gesellschaft nach ëmmer bestinn. Déi eng hu gäre Kierperkontakt, anerer nees net! An dat fannt Dir och bei all anere Mënschen. Do ginn et och Echolalien zum Beispill, do soen da Mënsche gären grad gesote Wierder no, dat muss awer net. Bizar Beweegungen kann deen een oder aneren hunn.

Autist ass gläich superclever! Och déi Schlussfolgerung ass net richteg!
Danielle Philippi: Vill Mënschen hunn de Film Rainman gesinn an denken da sou misst all Autist sinn. Gutt, dass et haut vill aner Filmer ginn, déi anescht opklären iwwert Autismus an iwwert Inselbegabungen. Huet een sou eng, da gëtt direkt op Autist getippt. Mir déi mat deene Mënsche schaffen, musse soen, dass dat bei deene wéinegsten de Fall ass. Jee no Persoun ginn et nees verschidden Ausprägunge wéi all de Mënschen.

Schwiereg wier och nach ze soen, wat de Grond vun Autismus ass. Do lafen nach weider vill Recherchen.
Danielle Philippi: Do kann een nach näischt Definitives soen, ob et genetesch ass oder net. Wichteg ass ze wëssen, dass Autismus keng Krankheet ass, mä et ass en Handicap. An dee kann och heiansdo invisibel sinn, et gesäit een en net. An do fänkt et un da schwéier ze gi fir Mënschen, déi dovunner betraff sinn an op Konflikter an eiser Gesellschaft stoussen.

Et kann ee just schätze wéi vill Leit zu Lëtzebuerg dovunner betraff sinn.
Danielle Philippi: Déi eng Experte gi vun 1 op 100 aus Mir soen awer 1 op 150. Dat wieren dann eng zirka 4.000 Mënschen, déi an de Spektrum falen.

2005 gouf den ''Autistic Pride Day'' an d'Liewe geruff, op Wonsch vu villen autistesche Mënschen fir an der Gesellschaft mat hiren autisteschen Eegenschaften akzeptéiert ze ginn, nach emol d'Danielle Philippi.
Danielle Philippi: Do geet et net ëm Stolz, mä am Sënn vum Selbstbewosstsinn hunn. Dacks sinn déi Leit an der Gesellschaft ausgeschloss an mat deem Selbstbewosstsinn ze weisen: ''Ech hunn dat, ech liewen domadder an dat ass ok! Ech sinn e Mënsch wéi all aneren och!'' Dëst ass de Message, deen op dësem Dag ervirstécht.

Kuckt och op