Wann een d'Gefill huet säin Häerz géing onreegelméisseg schloen, dann ass ee gär mol séier beonrouegt. Eng nei Etüd weist awer elo, dass et grad gutt wier, wann d'Häerz onreegelméisseg schléit. Et wier souguer eppes, wou mir all kéinten trainéieren.

22/06/2020 Kommunikatioun tëscht Häerz a Gehir

Wann en Häerz gesond ass, da schléit et ebe grad net reegelméisseg. Dat huet eng international Ekipp vu Wëssenschaftler elo erausfonnt. Dofir hu si déi sougenannten Häerzratevariabilitéit, kuerz HRV, ënnersicht. D'HRV weist un, wéi gutt d'Häerz mam Gehier kommunizéiert. Et wier allerdéngs en Thema mat deem ee sech an der Fuerschung scho ganz laang befaasst. Ongeféier 150 Joer. Allerdéngs hätt een hautdesdaags aner Méiglechkeeten, sou  den éisträicheschen Gesondheetspsycholog, Andreas Schwerdtfeger. Hien huet aktiv un der Etüd matgeschafft. Et hätt ee gekuckt, wéi d'Kommunikatioun tëscht Häerz a Gehier gestéiert wier, wat d'Häerz méi reegelméisseg geschloen huet. A genee doropshin hätt een erausfonnt, dass e gesond Häerz net reegelméisseg, mee variabel schléit.

Et misst een et allerdéngs ënnerscheeden vu pathologeschen Variatiounen, wéi zum Beispill Häerzrhythmusstéierungen. Ma wann d'Häerz awer onreegelméisseg schléit, dann hätt dat och en direkten Impakt op eis Psychologie. Doduercher géingen mir eis méi wuel fillen.

Elo wéilt een awer nach gären weider Analysen maachen an méi genee nach op dat bewosst Ootmen agoen, well dat kéint och en éischten Usaz sinn fir eng nei Form vun Therapie. Et kéint een seng Häerzvariabilitéit nämlech och trainéieren. An dat funktionéiert esou: Et otemt een 6 Mol Pro Minutt an an aus, sou dass all 10 Sekonnen een Zyklus entsteet. Domadder géing d'Gehier optimal mat Sauerstoff versuergt ginn. An dat géing sech da positiv op bestëmmten Gehierfunktiounen auswierken, wéi zum Beispill op eise Verhalt an eis Reaktiounszäit.