32 Lëtzebuerger Auteuren hunn ee Mount laang hiren Alldag néiergeschriwwen, a goufen dobäi vum Fotograf Philippe Matsas mat der Kamera begleet. Doraus ass e Buch ginn dat eis e klengen Abléck an d'Liewen a Schaffe vu bekannte Literaten erméiglecht. D'Bea Kneip huet sech mat der Ludivine Jehin vum nationale Literaturarchiv a mam Fotograf Philippe Matsas ënnerhalen. 

24/06/2020 Lecture vun heiheem: "19 10 PM" Philippe Matsas an CNL

E ganze Mount laang, am Oktober 2019, hunn déi 32 Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen dat opgeschriwwen wat si grad beschäftegt huet. Sief et a kuerze Stéchwierder oder a ganzen Texter, am Stil esou verschidden wéi di 10 Fraen an 22 Männer et och an hirer literarescher Aarbecht sinn, Sou verschidde wéi d'Texter sinn och déi Plaze wou si schreiwen: Vum Antoine Pohu senger Studentebud, bis bei dem Lambert Schlechter seng Terrass. Vun der Anna Leader bis bei d'Anise Koltz, vum Samuel Hamen bis bei de Pol Greisch, all Generatioune si vertrueden. Dozou d'Ludivine Jehin vum CNL
Ludivine Jehin: 19 10 PM werft en duebele Bléck op d'Literaturlandschaft vun haut. De Philippe Matsas huet 32 Auteure portraitéiert an hien huet och hir Aarbechtsplaz fotograféiert. Paralell dozou sinn déiselwecht Auteure 2019 gefrot ginn fir e literareschen Agenda vun hirem Mount Oktober ze liwweren.

Do kann ee souguer live materliewen wéi dem Francis Kirps säin duebel präisgekréinten Erzielband "Die Mutationen" entstaanen ass oder et kann een de Poet a Romanauteur Jean Portante op eng Rees a Mexico begleeden. Et kritt een en Abléck an de literareschen Alldag, net nëmmen d'Schreiwe selwer mä  Preparatioune fir Liesungen oder Evenementer wéi d'Frankfurter Buchmesse déi jo an déi Zäit eragefall ass. 
De Fotograf Philippe Matsas lieft zu Paräis an huet sech och international en Numm gemaach.
Philippe Matsas: Mäi Beruff ass am Fong Schrëftsteller ze fotograféieren, hei zu Paräis sinn ech dorop spezialiséiert. Dat ass oft, dass een d'Schrëftsteller am Fong net direkt kennt. Dat ass och wat mech interesséiert un dem Beruff, dat ass dee Virwëtz den ech hunn fir Perséinlechkeete kennen ze léieren éier een hir Bicher liest, oder, wann een d'Bicher gelies huet, am Fong deen erauszefannen den hannert deene Bicher stécht. 

Fir de Fotograf gouf et ëmmer nees neies z'entdecken.
Philippe Matsas: Ma en Auteur den ech net kannt hunn, wou ech just iwwert e gelies hat, an den och zu Paräis lieft, dat ass de Gilles Ortlieb. Jee, do ass eng Sympathie entstanen, an effektiv, do hunn ech verschiddener vu senge Bicher gelies, an dat war ganz interessant. Grad ewéi de Pierre Joris zu New York.

D'Buch mam Titel "19 10 PM" proposéiert e frësche Bléck op d'Lëtzebuerger Literaturlandschaft an eng gutt Geleenheet fir d'Mënschen hannert eise Liiblingsbicher kennenzeléieren.

"19 10 PM" ass e Projet vum Philippe Matsas an Zesummenaarbecht mam Claude Conter an der Ludivine Jehin vum nationale Literaturarchiv an ass beim CNL erauskomm.