Si sollen d'Leeschtung erhéijen a souguer am Sport dofir suergen, dass ee méi laang duerchhale kann. Isotonescht Gedrénks wéi verschidde Sportsmarken se verkafe gëtt vu ville gedronk. Wat dat genee ass a wéi dat sech op eis Leeschtung auswierke kann, weess d'Lea Schwartz.

25/06/2020 Wei sennvoll ass isotonescht Gedrenks?

Beim Sport, am Summer oder an der Sauna, wann ee schweesst verléiert ee Flëssegkeet an domadder och Mineralien. Isotonescht Gedrénks soll de Kierper nees extra gutt regeneréieren. Dat kann e Sportsgedrénks aus dem Supermarché sinn, ma och Juse mat Waasser verdënnt a souguer alkoholfräie Béier sinn isotonesch. D'Stephanie Rosquin ass Dieteticienne an ënner anerem spezialiséiert op d'Ernärung am Sportsberäich. Esou e Gedrénks ka vum Kierper séier opgeholl ginn.
 
Stephanie Rosquin: An engem Gedrénks, wat isotonesch wierkt, sinn all d'Närstoffer. Dat heescht Zocker a Mineralstoffer geléist wéi am Blutt. Doduerch ginn se dann och optimal a schnell vum Daarm opgeholl.
 

Bei zum Beispill Jus oder Limonad ass d'Konzentratioun vun de Närstoffer méi héich wéi am Blutt. Fir de Sport ass dat net geeegent, well de Kierper dat dann selwer equilibréiert a mat Waasser am Daarm verdënnt. Dat kann zu Verdauungsprobleemer féieren. Bei gewéinlechem Waasser oder ongezéckertem Téi ass d'Konzentratioun vun de Närstoffer awer méi niddreg wéi am Blutt. Dat kann de Kierper dann net grad esou séier ophuelen. Fir den Alldag géif dat awer duergoen.
 
S. Rosquin: Isotonescht Gedrénks hëlleft am Wesentleche just e Mangel bei aktive Sportler auszegläichen. Et gëtt een elo keen Topsportler just well een esou Gedrénks zou sech hëlt. Alles hänkt och ëmmer vum Zil of. Wann een elo eng Stonn Sport mécht mam Zil fir Fett ze verbrennen. Do mécht et kee Sënn dem Kierper och an där Zäit Zocker zouzefügen. Well soss gëtt dee jo benotzt fir ze verbrennen an et kënnt een net wierklech an d'Fettverbrennung.
 
Beim enger lockerer Sportsunitéit vun enger Stonn géif et och schonn duergoe virdrun an duerno Flëssegkeet zou sech ze huelen. Bei méi intensivem Training ass och recommandéiert all hallef Stonn 200- 400 Milliliter a klenge Schluppen ze drénken. Ma och elo wou et dobausse waarm ass, brauch de Kierper vill Flëssegkeet.
 
S. R: Wann et waarm ass, verléiert ee méi Waasser iwwert de Schweess, dat ass jo kloer. An de Kierper huet awer keng Reserve fir Waasser an dofir kritt een zum Beispill ganz séier Kappwéi wann een net genuch drénkt. Et ass dofir wichteg reegelméisseg ze drénken. Iwwert de Schweess verléiert een och Salzen. Deen kritt een awer och ran duerch d'Ernärung.
 
Et muss also net ombedéngt en isotonescht Gedrénks sinn. Wann een awer dorop wëll zréckgräifen, sollt een e Bléck op d'Inhaltsangaben geheien. Verschidde Marken déi dat hierstellen, hunn och nach vill aner Zousazstoffer dran. Eng Alternativ kann et sinn, déi da selwer ze maachen. Domadder kann een deemno wéi souguer nach Sue spueren.
 
Stephanie Rosquin: Zum Beispill mat verdënntem Drauwejus. 200 Milliliter Jus, 800 Milliliter Waasser an eventuell e bësse Salz. Dann huet een eng perfekten Zesummesetzung an e perfekt isotonescht Gedrénks. Oft ass dat besser wéi déi industriell Gedrénks. Do ass oft vill Faarf an Aromastoffer dran a vill Séissstoffer déi ee guer net brauch.