D'Italiener hunn am léifsten de Kamillentéi. Si drénken en nom iessen, oder iert se schlofe ginn, an dat feieregt italienescht Temperament kann ee mat enger Taass Camomilla calméieren. Mee wéi gëtt dann op anere Platzen den Téi gedronk, a wat ginn et do fir Traditiounen? D'Michèle Schons an de Marc Romersa vun Tea and More huelen iech mat op eng Téi-Weltrees:  

01072020 Tea for two - Traditiounen

Tea for two, oder tea for all...? Téi verbënnt d'Mënsche mateneen. Op an Indien, Russland, der Tierkei, oder Japan, Eng Taass Téi mat Frënn ass Eppes schéines an et kann een e bëssen och mam Kaffiskränzche vergläichen, just dass et hei kee Kaffi gëtt, mee Téi. Marc, wou maache mer als éischt Statioun? 

Indien ass mat méi wéi 13000 Téiplantagen dat Land wat am meeschten Téi produzéiert an exportéiert. E kräftege schwaarzen Assam, en doucen Darjeeling, oder e wierzegen mat Kardamom, Ingwer oder Kanéil  verfeinerten Chai Téi, Indien huet eng enorm Auswiel vun héichwäartegen Téien. Indien huet anescht wéi Japan oder China keng spirituell Traditiounen, ma hei geet et eenzeg an alleng ëm de Genoss vum Téi.

Iert den Téi an Europa koum, hunn d'Englänner nach Ale moies nom Opstoe gedronk. Gutt dass se e gesonden Ersatz fonnt hunn, fir schon esou fréi hiren Duuscht ze läschen. Ma och am Nomëtteg huet den Téi bei de Briten seng Traditioun an der Tea Time fonnt, a mat Sandwichesn a Scones iwwerbrécken se esou den Honger bis bei d'Owesiessen. Gedronk gëtt am heefegsten Earl Grey, Lady Grey, Darjeeling oder Assam, mat Zocker an engem Schotz Mëllech.

Weider geet et a Südamerika, wou de Maté d'Kultgedrénks Nummer 1 ass. Dësen Téi aus de Blieder vum Matébam ass e Vitalschot, mat Vitaminnen, Antioxidanten, Mineralien belieft e Kierper a Geescht. Bal 90% vun Argentinier drénken all Dag Maté, mat der Famill, mat Frënn, wat fir si eng Paus vum Alldag ass a fir si net nëmmen Téi ass, ma e Liewensgefill.

Weltmeeschter am Schwarztéidrénke sinn awer wuel nach ëmmer d'Ostfriesen, déi op hir "Teetied" invitéieren, wou gäre geschnackt gëtt. Hiren Téi schëdden se gären iwwert de Stéck Kandiszocker, deen an der Taass knacke muss, an d'Ram gëtt iwwert de Läffel dra geschott. Nëmmen net réieren, well réischt wann sech kleng Wolleken an der Taas bilden ass d'Geschmachs-Erliewness perfekt.

Matcha, Sencha, Bancha, Gyokuro - mir sinn a Japan wou haaptsächlech gréngen Téi gedronk gëtt. De japaneschen Téi gëtt ëmmer méi beléift, duerch seng enorm Diversitéit u Geschmaachsvariatiounen a well en e positiven Afloss op d'Gesondheet huet. Jidderengem bekannt sinn och déi japanesch Téizeremonien aus dem Zen-Buddhismus, wou haaptsächlech Matcha Téi gedronk gëtt, well déi buddhistesch Mënchen mat deem Téi stonnelaang meditéiere konnten, ouni midd ze ginn.

Den Téisäckelchen, dee gouf iwwregens duerch Zoufall 1908 erfonnt, vum New Yorker Téihändler Thomas Sullivan dee Prouwe mat Téiblieder amplaz a blechen Dousen, a kleng Seidesäckelcher gefëllt hat fir senge Clienten ze schécken. Déi hunn deen einfach an d'waarm Waasser gezappt.

Traditionellen "Thé à la Menthe" gehéiert an den arabesche Länner zum alldeegleche Liewen. Dee gëtt de ganzen Dag iwwer, am Léifsten awer och no de Moolzechte mat frësche Mandelen zerwéiert.  A "Po cha“ – nennen d'Tibeter hiren Téi mat Salz a Yakbotter, dee ganz gutt bäihält, esou dass d'Nomaden haaptsächlech am Wanter schonn mol 40 Tasen den Dag dovunner drénken.