Jiddereen huet seng Manéier wou e seng Informatiounen hir hëlt. Ëmmer méi jonk Leit maachen dat iwwert déi sozial Medien. Dat ass d'Resultat vun enger Etüd déi scho jorelaang gemaach gëtt a 40 Länner.

26/06/2020 Infos iwwer sozial Medien 07h20

Ugefaange mat de soziale Medien. 30 Prozent vun deenen déi befrot goufen tëscht 18 a 24 Joer soen, dass déi sozial Medien hir wichtegst Noriichtequell ass. D'Joer virdrun waren et nach 22 Prozent. WhatsApp, YouTube a Facebook sinn déi sozial Medien, déi zumindest an Däitschland am wäiteste verbreet sinn. Woubäi d'Zuelen bei Facebook erofginn, duerfir déi vun Instagram awer erop.

D'Resultater vun dësem Joer baséieren op Ëmfroen bei 80 155 Leit a 40 Länner op 6 Kontinenter.

Den Interessi  un den Noriichten ass nach ëmmer extrem héich. 94 Prozent hunn uginn am Januar dëst Joer e puer mol an der Woch d'Noriichten consomméiert ze hunn.

D'Tëlee ass déi wichtegst Noriichtequell, den Internet hëlt awer op. Bei der Tëlee ass et an Däitschland d'Tagesschau déi op Nummer 1 läit.
 
Eng grouss Angscht bei de Befrotene wier och, dass ee Fake News net méi vun de Fakten ënnerscheeden kéint.

Wann et ëm d'benotze vun de Geräter geet iwwert déi ee sech informéiert, dann ass et am Joer 2020 eng éischte Kéier de Smartphone deen op Nummer 1 läit mat 46 Prozent, 5 Prozent méi wéi dat lescht Joer. Op Plaz 2 läit de Laptop, respektiv de Computer.

Podcasten ginn och ëmmer méi beléift. 24 Prozent hätten am Joer 2020 mindestens ee Podcast am Mount gelauschtert, dat sinn 3 Prozent méi wéi dat Joer virdrun.

10 Prozent vun de Befroten hunn uginn, an de leschten 12 Méint fir Online-Noriichten Suen bezuelt ze hunn. Dat sinn 2 Prozent méi wéi dat Joer virdrun an domat deen héchste Wäert, deen zanter Joren gemooss gouf.

Et muss ee wëssen, dass déi Ëmfro virun der aktueller Kris gemaach gouf tëscht dem 17. an dem 30. Januar 2020. Zanter 2012 gëtt dës Etüd duerchgefouert.