Hei zu Lëtzebuerg ginn et dräi Aarten vun Eidechsen: d'Mauer-Eidechs, déi relativ wäit verbreet ass, déi, déi am heefegste virkënnt ass méi eng kléng, d'Bësch-Eidechs, an déi gréisst, déi schéinst an och déi seelenst ass d'Zauneidechs. Do huet de Männchen an der Paarungszäit eng knätsch-gréng Faarf.

D'Reptilien si leider bedrot an déi Situatioun huet erëm mam Mënsch ze dinn, esou  d'Claudine Felten vu Natur an Ëmwelt:

30/06/2020 Eidechs 1

Claudine Felten: "Dat ass bei den Eidechse vill duerch de Verloscht vum Liewensraum. Duerch d'Intensivéierung vun der Landwirtschaft zum Beispill. Och Flächen, déi elo net méi esou genotzt ginn,  wuessen dann zou. Dat geet da verluer fir d'Eidechsen, déi vill Luucht brauchen; fir hire Kierper a fir kënnen aktiv ze sinn."

© Pixabay

Et gëtt schonn eng Rei Projeten fir d'Eidechsen ze schützen. Dass Habitaten erëm hiergestallt ginn, kënnt och deene klénge Reptilien zegutt. An de leschte Joren gouf vill am Osten vum Land geschafft.

30/06/2020 Eidechs 2

"... wou mer méi moer, dréchen Wisen, déi zou gewuess waren, erëm opgemaach hunn. An de leschter Joeren hu mer erëm 65 Hektar kënnen opmaachen. Dann hu mer och en Dréchemauer-Projet, wou mer ca. 500 Meter Dréchemauer erëm konnten hierstellen. D'Eidechsen kënnen sech do gutt wiermen an an de Splécken verstoppen."

© Pixabay

Mir alleguerten kënnen hëllefen, dass d'Eidechsen sech geschwënn erëm op nach méi Plazen wuelfillen. E Stéck Gaart geet am Fong schonn duer:

30/06/2020 Eidechs 3

"Einfach en Eck méi natierlech loossen, e Koup Steng dohinner plazéieren. Wat natierlech och wichteg ass: d'Eidechsen ernäre sech vun Insekten a Spannen. Déi fannen se op deene Plazen wou d'Natur nach méi gewäerde gelooss gëtt, an enger Blummewiss oder laanscht Weeër. Do ass dann och méi Nahrung fir d'Eidechsen."

© Pixabay

An e puer Wochen kënnt och eng nei Brochure iwwer Amphibien a Reptilien eraus. An Der kënnt och hëllefen hëllefen andeems Der en Don fir d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur maacht:

© Pixabay