Et gëtt permanent Eppes ze dinn, ni ass et genuch. Dobäi lafe vill Frae Gefor sech ëmmer méi ze verausgaben amplaz z'erhuelen an entspaant an der fléissender weiblecher Energie ze bleiwen. Obwuel d'Fraen nach ni esou fräi, éiergäizeg autonom a selbstbewosst wéi haut waren, ginn et der nach ganz vill, déi sech selwer gäre méi couragéis stëmmeg an erfëllt no baussen droen an zum Ausdrock bréngen. Zu der instinktiver wëller Fra zeréckfannen. Michèle Schons?

29062020 Wild Woman

Als Fra hu mer awer e ganz natierlechen Zougang zu enger kreativer Energie, déi d'Balance schaaft, eis erfëllt, opbléie léisst an och regenerativ ass. Dat wat een déi wëll weiblech Kraaft nennt. Si ass onofhängeg vun de Jugementer déi vu bausse kommen, si léisst sech net aschränke, klengkréien a richt sech och no kengem, ausser no hirer eegener Intuitioun. Dës wëll Kraaft ass do an déi muss een och net verzweiwelt sichen. Firwat ass Weiblechkeet wëll frot der iech vläicht? Soll se net zaart an douce sinn? Vanessa Sanchez-Willems vun Heartseeds:

Wat wichteg ass beim Therme "Wild Woman", ass sech net aschüchteren ze loosse vum Wuert 'Wild'. Fir mech ass et 'Back to the roots', sech komplett als Fra unzehuelen mat all senge Facetten, sech mat senger Intuitioun ze verbannen, sech mat eiser weiblecher Natur ze verbannen, sech mat sengem weiblechen Zyklus auserneen ze setzen, eraus an d'Natur ze goen, sech ze äerden, buerféiss ze lafen, an ze mierken dass mer och en Deel vun der Natur sinn.

Mir liewen an enger erausfuerderender Zäit wou ee Balance sicht an déi weiblech Qualitéiten ëmmer méi Bedeitung kréien. Déi wëll Fra ass en Deel vun eiser Identitéit, Stäerkt, Vertrauen, en Ukomme bei sech selwer. Vill Ängscht a Beméiungen ëm Sécherheet léisen sech op esoubal een sech mat senger eegener wëller Fra verbonnen huet an am Floss ass.

'Wild Woman' ass säi Kierper unzehuelen wéi en ass an net engem Ideal wat vun der Gesellschaft oder vun de Medien imposéiert ass z'entspriechen, mee wierklech sech selwer mat all senge Facetten als Fra unzehuelen. 'Wild Woman' ass och danzen ouni de Kapp ageschalt ze hunn an intuitiv an instinktiv säi Kierper sech beweegen ze loossen. 'Wild Woman' ass och seng Gefiller unzehuelen an auszeliewen, och déi wou als negativ ofgestempelt ginn, spriech Roserei, oder aner wëll Gefiller, an sech op kee Fall de Label vun der hysterescher Fra opdrécken ze loossen, mee sech anzegestoen dass een als Fra facettëräich ass an dass dat gutt a richteg esou ass.

D'Weiblechkeet brauch also hir wëll Säit fir an hir Kraaft ze kommen an och ze heelen. Leider ass déi Kraaft eis friem ginn, oder et hëlt een se kaum nach an Uecht. Fir se ze spieren an hir Diversitéit ze notzen an auszeliewen trauen sech der vill net ganz zou. Wat eis hënnert ass vläicht och e bëssen d'Angscht virum eegene Liicht wat ee vill ze dacks verstoppt an dat permanent Upassen. Et sollt een sech méi trauen ze soe wat een ze soen huet, ob ee vun aneren dofir appreciéiert gëtt oder net ass fir déi wëll Fra zweetrangeg. Och doduerch gëtt ee fräi. Fräi vu Jugementer vu Baussen. Et ass och dat Verlaangeren nom Liewen wat eis Fraen dozou bréngt Passioun z'entwéckelen an eis anzesetzen. Genee esou wéi déi feiereg Säit, lieft déi wëll Fra och hir sensibel Säit, dat Doucet an d'Empathie, eng ganz ausbalancéiert Kraaft also, déi ëmmer dem Liewen déngt.