Och wann d'Normalitéit lues a lues zeréckkënnt, mierkt een op ville Plazen datt de Virus seng Spueren hannerlooss huet. Ee Secteur deen elo nach, sou ze soen, am Confinement ass, ass d'Nuetsliewen, well och haut nach ass net eng Disko am Grand-Duché op fir datt d'Leit zesummen danzen a feiere kënnen.

29/06/2020 Crowdfunding fir de Melusina

Mat de rezenten Neiinfektiounen dierft sech dat, leider, soubal net änneren. Sou gesi sech dann d'Etablissementer gezwongen no anere Méiglechkeeten ze siche fir Suen an d'Kees ze kréien, net fir eppes ze verdénge mä fir z'iwwerliewen. Eng vun de bekanntste Boîtten aus dem Land ass elo op de Wee vum Crowdfunding gaangen, et gëtt also probéiert mat Solidaritéit un de Problem erunzegoen.

Parallel wëllt den Dan Crovisier a seng Equipe awer och de Message erausginn datt et de Melu, Stand elo, nach ëmmer gëtt an datt ee sech freet fir iergendwann d'Dieren erëm kënnen opzemaachen, wéini ass déi aner Fro. E Freiden den Owend am Live Planet People op der Tëlee huet den Dan déi aktuell Situatioun vum Melusina beschriwwen an d'Lidd "Mir ginn an de Melusina" virgestallt.