Haut feiert dee wuel beschte Schwëmmer vun allen Zäite säi 35. Gebuertsdag. De Phelps konnt 28 Medaile bei 5 Olympesche Spiller gewannen!

30/06/2020 Op den Dag: Michael Phelps

A jonke Jore gouf bei deem klenge Michael eng Opmierksamkeetsdefizit- an Hyperaktivitéitsstéierung diagnostizéiert. Op Rot vun den Dokteren a mat der Ënnerstëtzung vu senger Schwëster huet en du mat 7 Joer mam Schwammen ugefaangen.

15 Joer hat en, wéi e fir d'USA bei den olympesche Spiller zu Sydney an den Asaz koum, dee jéngsten amerikaneschen Olympia-Schwëmmer zanter bal 70 Joer. Eng Medail konnt en zwar deemools net gewannen. Knapp 5 Méint méi spéit konnt e säin 1. Weltrekord opweisen, iwwer 200 Meter Papillon. Där Weltrekorder huet en am Ganzen 39 realiséiert, 4 sinn der ëmmer nach aktuell.

Deen 1 Meter 93 grousse Phelps war 5 mol bei Olympia am Basseng, en huet 28 Medailen gewonnen, dovunner der 23 aus Gold. Eleng zu Bejing 2008 waren et der 8, 1 méi, ewéi 1972 säi Landsmann Mark Spitz. De Michael Phelps ass bis haut de Sportler mat deene meeschten olympesche Medailen.

No Olympia 2012 zu London huet e säi Récktrëtt annoncéiert, mä wéi sou dacks konnt och hie sech net géint d'Erausfuerderung vun engem Comeback wieren. De gouf et 2016 zu Rio mat 5 mol Gold an 1 mol Sëlwer.

2017 krut en de "Laureus World Sports Award" an der Kategorie "Comeback vum Joer", uschléissend huet de Phelps seng Schwammkarriär definitiv un den Nol gehaangen. En huet sech zanterdeem ëmmer nees fir de Kampf géint Dopping agesat an huet och mol behaapt, datt bei alle Competitiounen, wou hien am Asaz war, ni all Konkurrente "propper" waren.

Zanter Juni 2016 ass de Michael mat enger Ex-Miss Kalifornien, Nicole Johnson, bestuet. D'Koppel huet mëttlerweil 3 Bouwen: Boomer, Beckett a Maverick. D'Famill Phelps liewt zu Phoenix an de Michael schafft ewell als Assistenztrainer un der Säit vu sengem fréiere Coach fir d'Equipe vun den "Arizona State Sun Devils".