Si huet en neit, revolutionäert Fraebild an der Rock- a Popmusek verkierpert. U sech huet et mam Dram vun der Schauspillerei ugefaangen, um Enn steet hiren Numm fir eng Ikone vum New Wave: D'Sängerin vu "Blondie" kritt haut 75 Joer.

01/07/2020 Op den Dag: Debbie Harry - 75 Joer

1945 koum d'Angela Trimble a Florida op d'Welt, vun der Mamm zur Adoptioun fräi ginn krut dat klengt Angela mat den neien Elteren Catherine a Richard Harry am New Jersey en neit Doheem. An et huet net laang gedauert, bis datt dat jonkt Debbie säi Gléck am Big Apple New York gesicht huet.

1974 huet et mat sengem Frënd a Gittarist, deem 5 Joer méi jonke Chris Stein d'Band "Angel an the Snake" gegrënnt aus där kuerz drop "Blondie" gouf. Groussen Afloss haten d'Filmstaren Marilyn Monroe a Marlene Dietrich, blond an attraktiv Actricen, déi och sange konnten. Nei war awer d'Tatsaach, datt d'Debbie net nëmme mat guddem Look a guddem Gesang mä och mat Souveränitéit a Selbstbewosstheet konnt punkten. 1979 koum den Duerchbroch mat "Heart of Glass".
Der Debbie hir blond Hoer, hiert killt a scho bal arrogant Optrieden an hir sexy Stëmm goufe séier d'Markenzeeche vun der Band, déi mat Hëllef vun MTV och séier beim grousse Public bekannt gouf.
Bis 1982 koum quasi een Hit nom aneren, du gouf hire Partner Chris Stein krank. 3 Joer laang huet d'Debbie sech ëm hie gekëmmert, déi 2 ware 15 Joer laang eng Koppel a sinn haut nach déi beschte Frënn. 1999 war et de Comeback vu Blondie mat engem weidere groussen Hit, "Maria".
D'Debbie Harry huet awer och 5 Solo-Albumen erausbruecht a konnt just 1 mol an de britteschen Top-10 landen.
D'Sängerin hat e puer kleng an och mol méi grouss Optrëtter a Filmer a sollt 1982 d'Haaptroll am Ridley Scott sengem Kultfilm "Blade Runner" kréien. Wéinst kontraktlechen Obligatioune mat der Plackefirma huet se d'Roll awer musse refuséieren. Dee gréisste Feeler an hirem Liewen, wéi se eemol sot.
2019 koum d'Autobiografie "Face It" eraus. D'Debbie Harry lieft mat hire 4 Muppen net wäit vun New York a war ni bestuet. 2014 huet se sech ëffentlech zu hirer Bisexualitéit bekannt. Happy Birthday fir de 75. !