De 6. Juli haut steet mat Sécherheet fir ee vun de schéinste Feierdeeg aus aller Welt. Well um Dag haut gëtt a ganz ville Länner den Internationalen Dag vum Kuss gefeiert. Wat et domat op sech huet a firwat en seng fest Plaz um Kalenner vun de Weltdeeg verdéngt huet, dat verréit iech d'Marie Gales

Op Den Dag: Den Dag vum Kuss

Erfonnt gouf dëse weltwäite Kussdag eigentlech a Groussbritannien, wou en t'éischt mol als National Kissing Day bekannt war. Iwwert de geneeë Grond fir den Datum, nach iwwert d'Joer wou en eng éischte Kéier gefeiert gouf, ass net ganz vill erauszefannen, ausser dass et iergendwou en den 80er gewiescht muss sinn. Béiss Zonge behaapten och dass an deem Zesummenhang dat haart gesellschaftlecht Klima vun den Thatcher Joren den Impuls ginn hätt.
Am Géigesaz zu anere kuriéise Feierdeeg ass dat awer schonn mol e klengen Unhaltspunkt. Ma wéi ass aus dem nationalen- dann de weltwäite Kussdag entstanen?
Och hei kann een net genee soen wéi déi weltwäit Adaptatioun zustane koum, ma d'Iddi ass och an anere Länner déi selwecht. Et geet ëm D'Freed um Kuss, oder dem Këssen. Also den Ausdrock vun Affektioun, Intimitéit an sech no sinn. 
Do kann ee liicht och ähnlech Inhalter wéi um Vältesdag fannen, allerdéngs huet de Kussdag nach de Virdeel, dass en net därmoosse kommerzialiséiert ass. Fir e Kuss brauch ee jo och keng Kaart, Knippercher oder e Bouquet Blummen. 
E puer flott Fakte kann een haut um Kussdag trotzdeem iwwert d'Kussen erzielen:

-De Kuss ass eng éischte Kéier virun 3500 Joer an den indesche Veden néiergeschriwwe ginn.
-E passionéierte Kuss mécht d'Pupille méi grouss, vläicht och e Grond wisou d'Leit beim Këssen d'Aen zoumaachen.
-Zwee Drëttel vun der Mënschheet leet de Kapp beim Këssen no riets, egal op ee Riets- oder Lénkshänner ass.
-Männer hunn éischter léiwer en Zongekuss wéi Fraen, wat dorunner läit dass den Testosteron am Männerspaut hëlleft, déi weiblech Libido ze steigeren. 
-Tatsächlech këssen net nëmmen d'Mënsche ma och d'Afe pressen hir Lëpsen openeen, fir Freed oder Affektioun auszedrécken.     
-Vill Mënschen erënnere sech éischter un den éischte Kuss wéi un déi éischt sexuell Erfarung.
-Biochemesch ass de Kuss wéi eng kierpereegen Drog, hei gëtt Dopamin fräigesat, den Neurotransmitter deen och duerch Droge wéi Kokain stimuléiert gëtt. Och de Gléckshormon Endorphin gëtt fräi gesat a reduzéiert de Stresshormon Kortisol. Fazit: Këssen ass gesond a wat gëtt et Besseres fir géint Stress e bëssen ze knuutschen?  

De Weltrekord vum längste Kuss läit bei der thailännescher Koppel Ekkachai a Laksana Tiranarat, déi et 2013 gepackt haten sech 58 Stonnen a 35 Minutten ze këssen. An deem Sënn: Vill Spaass beim knuutschen!