D'Deeg gi méi laang, d'Wieder méi waarm a fir déi meeschte Leit steet de Summer virun der Dier. Fir d'Bauere sinn dréche a waarm Deeg virun allem déi Zäit, an där si Hee maache kënnen. Fir alles séier genuch ranzekréien, gëtt ënner Héichdrock geschafft. Et ass awer och déi Zäit wou gären emol Réikitz an de Wise léien. Gutt verstoppt a bal net ze erkennen. Wat si méi jonk sinn, wat et méi onwarscheinlech ass, datt si fortlafen wa si a Gefor sinn. Och dann net wann e Méidrescher op si duer kënnt. Et ginn awer Méiglechkeeten wéi een d'Kitz nach virum méie rette kann. D'Lea Schwartz huet sou en Asaz begleet.

2/07/2020 Kitzrettung zu Lëtzebuerg RICHTEG

Déi kleng Réi sinn am Ufank vun hirem Liewen net esou gutt ze Fouss. Dofir loossen d'Geessen, sou heeschen déi weiblech Réi si gutt verstoppt am héije Gras zréck. Wann eng Gefor kënnt, maache si sech ganz kleng. Réischt wann si méi al sinn, kréien si de Reflex fir fortzelafen. Bis dohinner hëlleft de gepunkte Pelz, datt kee Friessfeind si sou séier fanne kann. Fir de Bauer, dee mat enger Maschinn iwwert säi Stéck Land fiert, ass et ganz schwéier, wann net esouguer onméiglech d'Déieren ze gesinn. Eng Méiglechkeet ass et ze verhënneren, dass d'Geess hiert Klengt iwwerhaapt do ofleet, wou deemnächst soll geméit ginn. Do soll e bestëmmte Spray hëllefen. Deen heescht och « Rehkitzrettung. Dee muss een dann 1 bis 2 Deeg virum Méie placéieren. De Geroch wär esou iwwel, dass d'Réi sech fräiwëlleg verzéien. Méi nei ass de Gebrauch vun engem Sonor. De Mike Peller ass Juegdhidder am Norden.
Mike Peller:  Dat ass fir d'Schwäin ze vergrämen, oder och fir d'Réi ze vergrämen dee Moment. Wann elo Kitz an där Wiss léien. Da kënnt d'Geess owes d'Kitz sichen an déi verzitt sech dann mat de Kitz aus dem Beräich. Wann een deen heiten Piepstoun héiert. Ech mengen dat nervt eis och schonn, da géife mir och dee Moment plënneren.

100 Prozent Sécherheet, datt da keen Déier, wat net fortlafe kann nach an der Wiss läit, huet een domadder net. Kuerz virum Méien, kann een och mat Hënn duerch d'Feld goen. Verschiddener sinn esou trainéiert, datt si Réi opspieren. Relativ nei ass den Asaz vun Dronen. Domadder iwwerflitt een d'Feld oder d'Wiss a kritt en Iwwerbléck vun Uewen. Déi funktionéiere mat Wärmebildkameraen an hëllefen domadder erauszefannen ob an enger Wiss ee Kitz läit oder net. Wann eent fonnt gëtt an et nach net al genuch ass, fir fortzelafen, muss et agefaange ginn. Dat ass awer eng Aarbecht fir Leit, déi eppes dovu kennen. D'Equippe vum Saueneinsatzkommando, kuerz SEK, schafft zanter 1 Mount mat dësem Prinzip. Si si scho jorelaang Jeeër a wësse wéi een esou ee Wëld richteg upaakt, Annett Schmitz.

Annett Schmitz: Wir reiben uns ab mit Gras, damit wir so wenig wie möglich nach Mensch riechen. Dann haben wir Körbe. Die werden dann richtig ausgelegt, mit natürlichen Materialien. Damit wird es vorsichtig da reingehoben und dann auf die Seite geschafft, dass es halt nicht übermäht wird.

Si schaffen zesumme mam Lëtzebuerger Wëldschutzverband. De Roland Grotz ass de Sekretär vum unerkannten Déiereschutzveräin. Fir hien ass esou eng Rehkitzrettung eng Ugeleeënheet dee jidderee vun de Parteie géif concernéieren. Aus der Siicht vum Déireschutz, aus ëkonomescher Siicht fir d'Fuddder net ze verschmotzen, ma och fir de Jeeër ass d'Rettung vum Kitz eng wichteg Aufgab. Op der Juegd gi Réi zwar och geschoss, et wär awer en Deel vun der regulativer Aufgab vun engem Jeeër d'Déiere virum onnatierlechen Doud ze protegéieren.

Roland Grotz: Et kann een elo soen: Oh hei dat ass elo net ganz oneegenëtzeg. Ma selbstverständlech ass dat net berechtegt. De But ass et fir déi jonk Kitzer ze retten. An deenen sou laang wéi méiglech e schéint Liewen ze loossen.

Et ginn aktuell keng Zuele wéi vill Kitz hiert Liewen op Lëtzebuerger Wise loossen. Réischt Ufank Juni ass eng Parlamentaresch Fro doriwwer gestallt ginn. Virun allem ob a wéi een an Zukunft d'Aarbecht mat den Dronen zum Schutz vum Wëld asetze kann. Woubäi net just d'Méimaschinnen eng grouss Gefor fir déi kleng Déieren sinn, och zum Beispill verschidden Hënn, déi fräilafen, kéinten esou en Déier ugräifen. Vun Ufank Mee bis Juni kënnen d’Kitz net fortlafen. Mëttlerweil missten déi meescht awer al genuch, fir sech aus dem Stëbs ze maachen, wann et geféierlech gëtt.