An eiser Lecture vun heiheem gi mer haut emol an de Kino. Um Programm steet en Action Thriller mam Titel "The Ecstasy of Demons". Nach gëtt et dëse Film just als Screenplay, mä den Dréibuch-Auteur Percy Lallemang hofft natierlech, säi Wierk geschwënn eng Kéier um groussen Ecran kënnen ze weisen. Dat huet en um Mikro vum Bea Kneip verroden.    

01/07/2020 Lecture vun heiheem: "The Ecstasy of Demons" vum Percy Lallemang

Am richtege Liewen ass de Percy Lallemang vu Beruff Engelschprof, këmmert sech awer elo schonn eng Rei Joren ëm d'Geschécker vum Peppenger Musée. Seng grouss Passioun ass de Kino, hie selwer huet schonn eng rei Low Budget Filmer geschriwwen a gedréint. Mat "The Agony of Angels" hat en 2017 d'Dréibuch fir e Psycho-Thriller erausbruecht. De Privatdetektiv Sam Miller konnt de Fall vun den entfouerte Kanner deemools léisen, gouf iwwerdeems awer och mam Trauma vu senger eegener Kandheet konfrontéiert. No deem spektakuläre Showdown koum e schwéier blesséiert an d'Spidol. Am zweeten Deel "The Ecstasy of Demons" gëtt ëm awer keng Rou vergonnt, well d'Claire, seng grouss Léift, verschwënnt ouni eng Spur ze hannerloossen. De Sam, selwer Alkoholiker mat éischter gewalttätege Tendenzen, gesäit sech gezwongen mat séngem schlëmmste Feind zesummenzeschaffen. 
Dozou de Percy Lallemang: Meng éischt Iddi war fir wierklech esou eng Aart Buddy-Movie ze maachen wou den einsame Wollef Sam Miller forcéiert gëtt fir mat engem vu sengen Äaerzfeinden zesummenzeschaffen, an dësem Fall dem Mojo D., deen e bekannte Kriminellen aus senger Stad ass, dee mat Drogen dealt an deen och Zouhälter ass, an deen e ganz spezielle Personnage ass, deen iergendwéi charismatesch ass, awer och en Drecksak ass. Déi zwee déi sinn net onbedéngt gutt ee fir deen aneren, trotzdem schaffe si zesummen, och wann de Mojo säin eegenen Agenda an dem ganze Geschéien huet, wou de Sam net direkt matkënnt. En plus muss de Sam ofwiesselend och nach mat e puer anere Personnagen déi agefouert ginn och alt emol kuerz zesummeschaffen.   

D'Atmosfär vun "The Ecstasy of Demons" ass liicht verännert am Verglach zum éischten Deel

Percy Lallemang: "The Agony of Angels", den éischten Deel, war richteg Nordic Noir, ganz düster an och traureg. Wann ech et misst beschreiwen, a Form vu Musek oder esou, géif ech soen, "Agony of Angels" ass e Requiem. Bei "Ecstasy of Demons" hunn ech mech méi goe gelooss. Dat géif ech elo musikalesch éischter als Rock and Roll beschreiwen, do ass méi Action dran. 

Déi Mëschung ass offensichtlech och an der Filmbranche op e gewëssen Interessi gestouss.


Percy Lallemang: Ech hat Spaass dat ze schreiwen an ech sinn och de Moment inspiréiert mat der Fortsetzung déi erëm hir eegen Atmosfär wäert opbauen. Ech hoffen, d'Leit déi et jo kënnen an der enger oder anerer Librairie hei kafen (net méi just online) dass si sech wäerten interesséieren dofir. A, wie weess, et hunn e puer Leit vun Hollywood schonn emol ugeklappt gehat, déi sech awer net méi zeréckgemellt hunn, de Lockdown ass dozwësche komm. 


Dem Percy Lallemang seng Aflëss reechen vum Stieg Larsson senger Millennium Trilogie bis bei Action-Filmer wéi Lethal Weapon. Den Ermëttler Sam Miller ass de klasseschen Antiheld, den awer trotzdeem Sympathië fir sech verbuche kann. An e wäert nach eng Kéier zeréckkommen. "The Wrath of the Reapers" ass den Titel vum drëtten Deel, ausserdeem ass mat "Trail of Tears" e Prequel an der Maach.Bleift ze hoffen, dass de Sam och de Wee op de groussen Ecran fënnt.       

"The Ecstasy of Demons" vum Percy Lallemang ass grad esou wéi den éischten Deel "The Agony of Angels" bei Dizzy Emu Publishing erauskomm. 

Lecture vun heiheem iwwer "The Agony of Angels" (2018)