Vakanz op Mallorca – zanter kuerzem ass dat erëm méiglech. D’lescht Woch ass den Alarmzoustand a Spuenien nämlech opgehuewen ginn. 99 Deeg laang war deemno och d’Baleareninsel Mallorca fir Touriste gespaart. Elo sinn d’Grenzen awer nees op an de leschte Freiden ass den éischte Fliger vu Lëtzebuerg op der Insel gelant. Mä dës Vakanz wäert wuel net sou sinn wéi all déi Joere virdrun, Vidosava Kuzmic.

01/07/020 Lëtzebuerger zu Mallorca

Mondschutz am Fliger, vill Paperassen ausfëllen, Froen no der Gesondheet a Féiwerkontroll um Flughafen – dat alles hunn déi 74 Passagéier aus Lëtzebuerg gedëlleg iwwerstanen. Ma net just d’Fléien huet sech geännert, och sur place wäert d’Vakanz dëst Joer bësschen aneschters oflafen, erkläert de Lucien Faramelli, Vertrieder vu Luxair op Mallorca.

De Programm ass lo natierlech reduzéiert an et géif ee virun allem op Famillje setzen, déi op eege Fauscht a mat engem geléinten Auto d’Insel entdecken. Ma wat erwaarden d’lëtzebuerger Touristen sech vun der éischter richteger Vakanz nom Corona?

 A Rou shoppen, d'Kathedral besichen, Fotoe maachen a virun allem sech erhuelen steet um Programm. Vläicht och zu Sa Torre wou den Axel Dittrich a säi Geschäftspartner Frank eng kleng Pensioun hunn. Och si musse sech u verschidde Sécherheetsmesuren halen, wou virun allem d'Hygiène am Mëttelpunkt steet, esou den Axel.

 Ma et ass nach laang net alles wéi virdrun. De lokalen Tourismus-Secteur ass staark ugeschloen. Wéivill Hotellen dëst Joer iwwerhaapt opmaachen, ass ongewëss. Dat selwecht gëllt och fir Restauranten a Caféen. Eng Ouverture mat wéinegen Touristen rentéiert sech fir vill Propriétairen einfach net.

Eent ass also sécher: de Ballermann wéi mer e vu fréier kennen, deen gëtt et dëst Joer esou net méi.