Den 30. Juni ass den ''Asteroid Day'' an dee gouf viru 6 Joer agefouert, an zwar vu kengem anerem wéi dem Dr. Brian May, Astrophysiker an natierlech och Gittarist vu QUEEN, dann och dem Danica Remy d'Presidentin vun der B612 Foundation, de Rusty Schweickart Apollo 9 Astronaut an dem Realisateur Grig Richters. 2 Joer drop, also 2016 hat d'UNO dunn offiziell den 30. Juni als internationalen Dag vun Asteroiden deklaréiert an deen ass haut, Marie Gales.

30/06/2020 Asteroid Day

Firwat genee den 30. Juni? Ma den Dag 1908 soll a Sibirien an der Géigend vum Floss ''Podkamennaja Tunguska'' en Asteroid fir vill Schued gesuergt hunn. Den Tunguska-Asteroid, sou säin Numm, wier e puer Kilometer an der Héicht explodéiert an hätt dunn an der haiteger Regioun Krasnojarsk op enger Fläch vun 2.150 Quadratkilometer ronn 80 Millioune Beem néier gewalzt.

Dass Asteroiden zu enger Gefor kënne ginn, ass gewosst. Eng ganz Rei si jo schonns op eise Planéit ageschloen an den Asteroid Day weist genee op dës Risiken hin, awer och iwwert méiglech Ofwiermesuren.
Eng knapp 800.000 Asteroiden wieren am Sonnesystem bekannt, Stand: 11. Januar 2019, mä all Mount géifen e puer 1.000 nei Entdeckungen derbäi kommen an déi wierklech Zuel kéint dofir an d'Millioune goen. Do kënnt dann déi ''The 100x Asteroid Declaration'' mat an d'Spill. D'Danica Remy, déi dësen Dag mat an d'Liewe geruff huet erkläert wat et mat dëser Petitioun op sech huet.
Danica Remy: The 100x ass eng Petitioun, déi vun Asteroid Day viru 6 Joer an d'Liewe geruff gouf an dës soll d'Entdecke vun Asteroide virundreiwen. Domadder soll jidderee sech asetze fir dass Institutiounen, Regierungen, privat Entreprisen alles dru setze fir dass Asteroide méi séier entdeckt ginn.

De ganze Programm fir den Asteroiden Dag gouf vun der Asteroid Foundation hei zu Lëtzebuerg op d'Bee gesat. Dëst Joer ass dësen Dag allerdéngs e bëssi anescht opgestallt, wéinst dem Coronavirus; et gëtt et elo keen Zesummekommen, mä wéi sou dacks dëser Deeg gouf sech och do eppes afale gelooss.
Danica Remy: Dëst Joer ass den Dag digital, sou goufen eng Rei Astronauten an Asteroidefuerscher interviewt, Leit aus der ganzer Welt, och vu Lëtzebuerg an déi erzielen eis wat si alles maachen am Kader vun der Asteroidefuerschung an -technologie an de Weltraumressourcen.

Duerch de Support vu BCE an SES kënnt Dir dësen Asteroid Day LIVE Digital from Luxembourg vun de Mëtteg 1 Auer u suivéieren a sou alles Wichteges iwwert Asteroide gewuer ginn ; aus Lëtzebuerger Sicht sécherlech och interessant sinn d'Interviewe mam Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Franz Fayot an dem CEO vun der Luxembourg Space Agency Marc Serres, fir elo dës 2 Beispiller ze nennen.

Hei kommt Dir zum Programm

Kuckt och op

an

an