Haut virun 20 Joer gouf Frankräich zu Rotterdam duerch e Golden Goal fir d'zweete Kéier no 1984 Foussball-Europameeschter.

02/07/2020 Op den Dag: Foussball-EM 2000

Déi 11. Foussball-EM war déi éischt, déi an 2 Länner organiséiert gouf, der Belsch an Holland. 16 Natiounen hunn deelgeholl, Titelverdeedeger war Däitschland. D'Mannschaft gouf awer schonn an der Gruppephase mat nëmmen 1 Punk eliminéiert.
Gespillt gouf an 8 Stied. Bréissel, Bruges, Léck a Charleroi bei eisen Noperen an Amsterdam, Rotterdam, Eindhoven an Arnheim an Holland. Am Ganzen 31 Matcher, bei deene ronn 1,1 Millioune Spectateuren an de Stadien mat dobäi waren.
85 Goaler si gefall, eng Moyenne vun 2,7 pro Partie.
An där éischter Halleffinall konnt de Weltmeeschter Frankräich sech mat engem Golden Goal 2-1 géint Portugal duerchsetzen. An där anerer konnt Italien d'Hollänner no Eelefmeterschéissen eliminéieren.
Et koum also den 2. Juli 2000 zu Rotterdam zu enger Finall tëscht "Les Bleus" mam Trainer Roger Lemerre an der "Squadra Azzura" mam Coach Dino Zoff.
54. Minutt: Italien geet duerch den Marco Delvecchio mat 1-0 a Féierung.
4. Minutt vun der Nospillzäit: De Sylvain Wiltord rett d'Fransousen an d'Verlängerung.
An dunn déi 103. Minutt, de Ball kënnt bei deen agewiesselten David Trezeguet.
Säi Golden Goal, e Volleyschoss an de Wénkel, bedeit deen 2. Europameeschtertitel fir Frankräich. Haut virun 20 Joer ...