Fake News an de Medien, dacks erkennt een se net oder ze spéit an dann huet een se eventuell scho weider ginn, ob elo iwwert déi sozial Medien oder en anere Wee. Et ass dofir ëmmer gutt seng Fakten ze iwwerpréiwen. "Check your facts" nennt sech dat ganzt, eng Campagne vu Bee Secure.

01/07/2020 Check your facts 07h20

Check your Facts - Gleef net alles um Internet. Et geet ëm falsch Informatiounen déi bewosst verbreet ginn. A wéi engem Beräich mer eis do beweegen erklärt de Jeff Kaufmann, Chargé de Projet bei Bee Secure.

Sou wéi den Internet hautdesdaags opgebaut ass, denke mer do haaptsächlech un d'sozial Medien well d'Leit sech haaptsächlech, wa se op den Internet ginn, op de soziale Medien erëmbefannen an och do am meeschten mat deene falschen Informatiounen, mat der Desinformatioun konfrontéiert ginn.

Et wier awer keen neit Phänomen, scho virum Internet goufen et falsch Informatiounen, zum Beispill op Pabeier.

Et ass eben elo just, duerch den Internet, duerch d'sozial Medien ass d'Vitess an där sech eng falsch Informatioun verbreed, eng ganz aner wéi deemools an do spillen d'sozial Netzwierker eng Schlësselroll well jiddereen do e ganzt breet Publikum erreeche kann ouni dofir eppes ze kënnen oder ze maachen.

Fake News ginn dacks bewosst verbreet. Op der enger Säit aus wirtschaftlecher Siicht.

Ech denken do zum Beispill u falsch Duerstellung vu Gewënnspiller fir Leit op e Site ze lackelen fir duerch Reklamme Profit ze gestalten. Dann awer och wann een zréck denkt un d'Pandemie vum Covid-19, d'Leit goufen do kal erwëscht, et war eng grouss Onsécherheet, wat et fir e Virus ass a wat d'Konsequenze sinn. D'Leit hunn oft no enger kloer Äntwert gesicht an déi gouf et jo à ce stade net an do hunn Auteuren versicht mat Verschwörungstheorien eben de Leit eng kloer Äntwert ze ginn wat hannert der Pandemie stécht. Do war eben den Zweck dovunner fir d'Populatioun ze täuschen fir och ëffentlech Schued ze veranstalten.

Bei de Fotoen géifen et och dacks Gesiichter ginn déi verfälscht goufen. Nachemol de Jeff Kaufmann.

Dat heescht, mir sinn an enger Entwécklung dran déi nach laang net eriwwer ass a wou et dann och drop ukënnt, dass ee sensibiliséiert, zemools jonker an och aner Gruppen u Leit wat eng qualitativ héichwäerteg Noriicht ass a wéi een dës erkennt a wéi se sech vu Verschwörungstheorien ënnerscheeden. Ob der anerer Säit ass et och un de sozialen Netzwierker selwer fir no falschen Informatiounen op hirer Plattform ze sichen.

An deem zum Beispill sougenannt Fakt Checker Equippen agesat ginn. Esou kéint een der Desinformatioun um Internet entgéint wierken. Et ginn dann och 3 Froen déi ee sech ëmmer sollt stellen wann et ëm Informatiounen am Internet geet.

Wie stécht hannert der Informatioun? Ass d'Quell vertrauenwierdeg? A wéi beriichten anerer iwwert dat Thema?  Dat sinn déi 3 zentral Froen déi d'Leit sech ëmmer kënne stellen op engem éischten Abléck wa se enger Informatioun begéinen.

Bei där ganzer Debatt dierft een dem Jeff Kaufmann no dann awer och net déi positiv Voleten vergiessen. Dass een zum Beispill seng Meenung ka matdeelen, rezent Mouvementer hätten dat bewisen. E positiivt Element dat ee bei dëser Thematik net sollt ignoréieren.