80 Prozent vun der Bevëlkerung a Syrien lieft entretemps ënnert der Aarmutsgrenz an en dauerhafte Waffestëllstand muss endlech kommen. Zanter 9 Joer ass Krich a Syrien an 9,3 Milliounen leiden ënnert Honger. Dat sinn d'Fakten, déi fir déi 4. gemeinsam Syrien-Konferenz vun der UNO an der EU zu Bréissel gëschter an haut am Raum stinn. D'Marie Gales huet am Virfeld mam Direkter vu CARE in Luxemburg asbl Frédéric Haupert geschwat.

01/07/2020 Positioun vu CARE zu der Syrien-Konferenz

Och wann de Krich a Syrien net méi op der éischter Plaz an den Noriichten ze fannen ass, en ass awer nach ëmmer do, virum allem d'Auswierkungen an d'Nowéien vun dem Krich. CARE fuerdert dofir humanitär Hëllef ouni Aschränkung fir all Mënsch ze erméiglechen.
Frédéric Haupert: Mir musse virun allem drop oppassen, dass d'Hëllef, déi elo op de Wee bruecht gëtt all Beräicher an all Regiounen a Syrien erreechen; net nëmmen déi, déi vun der Regierung kontrolléiert ginn, mä och déi, déi net vun der Regierung kontrolléiert ginn. An do gesi mir e grousse Besoin fir dorobber ze kucken. Ganz sécher ass et och wichteg, dass dee ganz brücheg vereinbarte Waffestëllstand, dass dee gehale gëtt an dass deen och zementéiert gëtt fir dass mir endlech mol do zu enger politescher Léisung kommen. Dat ass deen eenzege Wee fir deene Millioune vu Syrer, déi hiert Doheem an hiert ganz Land hu misse verloossen, eng Perspektiv fir zeréck an hiert aalt Liewen ze ginn.

Et muss also Hëllef weider an d'Land erakommen a CARE appelléiert och un den UNO-Sécherheetsrot, fir dass d'Resolutioun fir grenziwwerschreidend Hëllef, déi am Juli soll auslafen, ze verlängeren a méi grouss opzemaachen.
Frédéric Haupert: Ech mengen, et ass grad ganz wichteg, dass déi Regioun am Nordoste vu Syrien, dass déi weider erreechbar ass, dass weider Hëllef do an d'Land kann erakommen, dass och weider medezinesch Klinicke kënne versuergt ginn, dass och weider Hëllefsgidder kënne fräi zirkuléieren tëscht der Tierkei a Syrien. Dat alles gëtt garantéiert iwwert eng UNO-Resolutioun, déi den 10. Juli nei verhandelt a votéiert muss ginn, well et soss eng 3-4 Millioune Mënschen ginn, déi keng Hëllef méi kréien.

CARE leet an hirer Hëllef och e besonneschen Akzent op Fraen a Meedercher, déi dacks eng extra schwéier Laascht a Krisen ze droen hunn.
Frédéric Haupert: Wat de Konflikt méi laang dauert, wat Fraen a Meedercher am Zentrum vun der Vulnerabilitéit stinn. Dat heescht eleng am Nordoste vu Syrien si 76 Prozent vun de Leit, déi do wunnen an och Hëllef brauchen,si  Fraen a Kanner virun allem Meedercher, déi ëmmer méi dacks Affer vu Gewalt ginn, sexualiséierter Gewalt. Do muss eng Upassung virgeholl ginn, dass déi an den Zentrum vun der Hëllef geréckelt ginn.

An dann jo och nach dee Coronavirus. Schwiereg wier et ze soe wéi schwéier d'Populatioun a Syrien dovunner betraff ass
Frédéric Haupert: An ganzen Nordoste vu Syrien gëtt et fir den Ament 1 Testzentrum, deen an der Moyenne 50 Tester den Dag ka maachen, och wann d'WHO do aktiv ass fir méi Capacitéiten ze schafen, ass fir den Ament déi gängeg Testmethod just d'Féiwer ze moossen. Sou kritt een natierlech da keen Iwwerbléck iwwert d'Situatioun am Land. Wat eng Tatsaach ass, ass dass mir schonn s wëssen, dass medezinesch Infrastrukture wéi Klinicken, Spideeler a méi gréisstendeels zerstéiert ginn, an medezinescht Personal net méi am Land ass an dass all Kris, déi elo nach 'on top' derbäi kënnt, katastrophal Konsequenze fir d'Mënschen a Syrien huet.

Fir dass CARE hir Aarbecht weider kënne maachen, kënnt Dir se gären ënnerstëtzen andeems Dir hinnen en Don maacht fir sou de Mënschen a Syrien ze hëllefen. Kuckt dofir op