Wann Der reegelméisseg äre Smartphone oder Tablett benotzt fir Spiller oder Rätselen ze maachen, dann ass Iech bestëmmt och schonn opgefall, dass et och Apps ginn, fir besser a Form ze bleiwen, déi ee mat sengem Smartphone ka benotzen.

02/07/2020 Gut a Form - Appen fir a Form ze bleiwen

Esou Apps déi sech mat eiser Gesondheet ausernee setzen, ginn et schonn eng Rei Joren. Richteg ootme léieren, oder och Entspane kann een heimat. D'App kann och uweise wéi laang a wéi vill Schrëtt mer haut getrëppelt sinn, wéi wäit mer gelaf sinn, oder mam Vëlo gefuer sinn.  Haiansdo brauch een esou e klenge Kick fir sech erëm drun ze ginn an sech ze motivéieren.

Mir wëssen all wéi wichteg et a Stresssituatiounen ass, fir richteg z'ootmen. D'Applikatioun Kardia proposéiert Otemübungen, a Relaxatiounstechniken, fir eng gutt Häerzkoherenz.

Wéi wär et mat Yoga? Hei gëtt et eng Applikatioun déi sech 5 Minutes de Yoga nennt a ganz einfach Übungen fir Ufänger demonstréiert, oder fir Leit déi iwwerhaapt mol wëllen eraklammen. Dës hëllefen z'entspanen an och besser ze schlofen.

Human detektéiert dann de physeschen Effort, deen een den Dag iwwer gemaach huet, Schrëtt ziele sief et beim Akafen, oder wann der op de Bus gitt. Hei kënnt der déi physesch Aktivitéit evaluéieren an erweideren. Wat méi, wat och besser Resultater kommen.   

Wann der keng Loscht op e Coach hutt, deen nierwendru mat iech jäizt, da ginn et och Appen déi déi Roll iwwerhuelen an iech divers Programmer offréiere, ganz no äre sportleche Performancen. Ënnert de Klassiker fënnt een hei Nike a Running, Runkeeper oder och nach Runtastic