Gëschter war de grousse Vakanzendag bei eis op der Antenne an dofir hu mir mol bei eise Bekannten, déi am Ausland sinn, nogefrot, wéi d'Situatioun dann do ass. An ob et vläicht awer derwäert ass seng Wallissen ze paken an an d'Vakanz ze fueren. D'Valentina ass nämlech souzesoen en Dauer-Vacancier a kennt sech beschtens domadder aus. Si ass zesumme mat hire 4 Kanner an hirem Mann zanter Januar mam Camper a Griichenland ënnerwee. Hei e puer Impressiounen vun hir.

08/07/2020 Vakanz: Wéi ass d'Situatioun a Griichenland

Méi vun hinnen an hiren Erfarungen fannt dir och op hirem Blog op Instagram an Youtube wou si "Tourists with Kids" heeschen. An de ganzen RTL-Vakanzendag-Dossier fannt Dir op radio.rtl.lu , Stéchwuert Vakanzendag