Nodeems mir gëschter um RTL-Vakanzendag villes zum Reesen a Coronazäite gewuer goufen, hu mir haut eis Korrespondenten a verschiddene Länner zu Wuert komme gelooss, wéi d'Situatioun genee do ass, wou si den Ament liewen. Zum Beispill an der Schwäiz... d'Land an der Mëtt vun Europa ass bekannt fir seng Bierger, gudde Schockela an deier Aueren. Virun allem Wantersport-Fans kommen hei op hir Käschten. Ma dat ass awer net alles. Och am Summer ginn et flott Plazen a Stied ze entdecken. An nëmmen 3 Stonnen ass een vu Lëtzebuerg an der Schwäiz. D'Lynn Welter wunnt zur Zäit zu Bern a erzielt eis e bëssi wéi et elo do ass.

Vakanz: Wéi ass d'Situatioun an der Schwäiz?