Am Kader vu Vakanz an der Coronakris goufe mir gëschter villes vun Experte gewuer. Haut loosse mir eis RTL-Korrespondenten zu Wuert kommen. Net wäit ewech vu Lëtzebuerg ass d'Julie Mathes, an Holland. Virun allem déi hollännesch Küst ass eng beléiften Destinatioun. D'Plagen sinn nees all op an d'Liewen leeft quasi nees normal. D'Julie ass den Ament zu Den Haag an erzielt eis, wéi d'Situatioun den Ament do ass.

08/07/2020 Vakanz: Wéi ass d'Situatioun an Holland?

De ganzen RTL-Vakanzendag-Dossier fannt Dir op rtl.lu.Do gitt Dir alles zum Thema Vakanz a Corona vun enger ganz Rëtsch Experte gewuer.