Et gëtt mol ëmmer sou gesot: Lee dech an d'Sonn, da ginn deng Eesse fort. Ass dat da wierklech so? Dass an der Sonn leien elo net dat bescht ass fir eis Haut ass, ass gewosst; mä wéi ass et da mat deem positiven Nieweneffekt?

03/07/2020 Sonn géint Eessen? 07h20

D'UV-Luucht huet tatsächlech eng Wierkung op d'Bakterien an och op d'Entzündung. De President vun den Dermatologen Dr. Xavier Miller:
D'UV-Luucht huet eng anti-Entzündlech Wierkung op deene Pickel. da gi se éischtens mol manner giel, se gi manner rout an se ginn och zum Deel wann een e bëssen brong gëtt, dann nach verstoppt.  Dat hëlleft zum gréissten Deel dass och Akne wann ee vill an der Sonn oder dobaussen ass, natierlech och vill besser gëtt. Et muss een och soen, wann een zousätzlech an der Vakanz ass, de Stress-Faktor ass och een Element deen Akne verschlëmmert, deen ass dann och besser. Do ass een da manner gestresst wéi soss an der Schoul oder op der Aarbecht.

Et wier dem Dermatolog no eng natierlech Behandlung. Virun 20, 30 Joer wieren d'Leit och an UV-Therapien gaangen.
Op der aner Säit soe mer ëmmer: passt op op den Hautkriibs. Also et awer och schonn richteg, dass wann een da vill dobaussen ass oder um Strand oder an de Bierger, dass ee muss Sonneschutzcrème benotzen fir d'Gesiicht, dass een do net nach eventuell den Hautkriibs op kuerz oder laang Siicht kann favoriséieren.  Et muss een och wëssen, dass d'Sonn méi schnell zu enger Hautveralterung féiert. Dat si Saachen wou ee muss op deem Sënn oppassen an drëttens wa Leit eng Behandlung hunn fir hir Akne mat verschidde Crèmen,  verschiddener vun deenen maachen eng dréchen Haut, dann ass et esou dass déi Dréchent vun der Haut mécht, dass d'Haut méi empfindlech ass fir d'Sonn an dass ee méi schnell da kann e Sonnebrand kréien.

Thema Sonnebrand, do ass et natierlech dann och gutt ze wëssen wéi dacks ee sech soll acrèmen.
Wann een um Mier oder an de Bierger ass wou d'UV-Awierkung extrem grouss ass, da soll ee sech scho mindestens 2 oder 3mol am Dag acrèmen wann een och an d'Waasser buede geet. Och an de Bierger ass dat de Fall: Do schweesst een. Do kann natierlech duerch de Schweess och e bëssen d'Sonneschutzcrème u Wierkungskraaft verléieren. Et ass och wichteg dat am Viraus ze man. Net grad direkt wann een um Mier ass. Dass een dat scho moies am Zëmmer mécht éier een op de Kaffisdësch geet.

Fir dass et net zu enger sougenannter Mallorca-Akne kënnt.
Dat ass eng Aart Reaktioun vun Haut duerch d'Sonn am Sonneschutzmëttel. Zum Beispill eng "Akne estivalis" mécht sou kleng Matéisser. Do ginn et mol Reaktiounen déi kënnen ausgesinn wéi wann et eng Akne wier.

Esou kann een dann och seng Vakanz genéissen, ob elo elo um Mier, an de Bierger, oder firwat net, heiheem.