Haut geet et an der Natur[musée]geschicht héich an d’Luucht. Mir beschäftegen ons nämlech mam Fléien. Am ‘Naturmusée’ fënnt nämlech am Kader vun der Ausstellung “Geckeg Vullen” vun elo un all Sonnden eng Virféierung iwwer d’Fléie statt? Moie Patrick. Wat brauch dann esou e Villche fir fléien ze kënnen?

02/07/2020 Natur[musée]geschichten - D'Konscht vum Fléien

Patrick: Ma, méi wéi just Plommen a Flilleken. Well soss hätten an der laanger Äerdgeschicht nach aner Déiere fléie missen a kënnen. Dobäi kënnt, datt net all Vull flitt, oder hues du schonns eng Kéier e Strauss fléie gesinn?

Michèle: Plomme si jo awer wichteg?

Patrick: Jo, selbstverständlech. Vulle sinn tatsächlech déi eenzeg nach liewend Déieren, déi Fiederen hunn. Dobäi erfëlle Fiederen villfälteg Aufgaben: Daunefiederen z. B. halen de Kierper waarm an hir Fierwung vun de Fiederen spillt sécher eng Roll bei der Balz. ‘t ass och en interessanten Ausgangspunkt, fir z’erklären, wat Evolutioun ass a wat NET. Mee eent no deem aneren. Well wann een de Fluch well erklären, muss een net onbedéngt bei de Villercher ufänken, well déi haten deen net als éischt erfonnt, mä d’Insekten. Dat waren nämlech déi éischt, déi de Loftraum eruewert haten. Viru 400 Millioune Joer muss et geschitt sinn, datt gewëss Insekte Flilleken entwéckelt haten. Net vill méi spéit konnte bal all Insekte fléien.

Michèle: Wéi weess een dat dann?

Patrick: Ma och erëm duerch Fossilie vun esou Déieren. Déi sinn natierlech dann och butzeg kleng, an d’Affär vu Spezialisten, mee et sinn definitiv Flilleken z’erkennen. Schielmécken, also dat wat een op Däitsch als “Eintagsfliegen” bezeechent, gehéieren iwwregens zu den eelsten Insekte mat Flilleken, déi als Fossilien entdeckt goufen. Déi grouss Diversitéit vun Insekten, déi fléien, weist sech dann allerdéngs eréischt a Gestengs, dat 325 Millioune Joer al ass.

Michèle: D’Insekteflilléken hunn elo awer näischt mam Flillek vun engem Vull ze dinn?

Patrick: Awer och guer näischt. Hei si mir jo da bei de Wierbeldéieren. Mä opgepasst: Hei ass Flillek net gläich Flillek, well bei de Wierbeldéieren hu sech d’Flilleken dräimol onofhängeg vuneneen entwéckelt. Déi éischt fluchfäeg Wierbeldéiere waren nämlech d’Fluchsaurier. Dës hunn de Loftraum schonns viru ronn 228 Millioune Joren eruewert, laang ier déi éischt Vullen opgedaucht sinn. Si sinn et och an alle Gréisste ginn. De gréissten hat ëmmerhin eng Spanwäit vu bal 13 Meter. Fluchsaurier haten och keng Plommen, duerfir awer en extrem verlängerte véierte Fanger un der Hand, un deem d’Fluchhaut gespaant war.

Michèle: D’Filléke vun de Vulle sinn awer aneschters opgebaut?

Patrick: Genee! Hei sinn et ëmgebaute viischt Extremitéite vu Landwierbeldéieren. De ganzen Aarm ass quasi Flillek. Haut wësse mir jo, datt d’Vulle eigentlech iwwerliewend Dinoe sinn. An och déi haten zum Deels Plommen. Geflu si se domadder awer och net. D’Evolutioun huet also all Kéiers aner Konstruktiounsléisunge fanne mussen, mat deenen d’Déiere gutt fléie konnten. Bei de Vulle gehéieren zum Beispill dann och liicht Schanken, eng staark Broschtmuskulatur oder och nach eng optimiséiert Ootmung dozou. Am 4. Ulaf hunn d’Mamendéieren d’Fléien dunn och geléiert: Viru gutt 20 Millioune Joer dauchen nämlech déi éischt Fliederdéieren op, also dat wat herno zu de Flantermais a Fluchhënn féiert. An och hei ass de Flillek dann erëm anescht opgebaut. Ee kuerzen Daum a véier ganz laang Fangere spanen d’Fluchhaut.

Wann Der also méi iwwer de Fluch wëllt gewuer ginn, da maacht Iech an den nächste Wochen also Sonndes Nomëttes op an den ‘Naturmusée’. ‘t muss jo net onbedéngt am Fléie sinn.