Haut virun 135 Joer gouf deen éischte Mënsch géint Tollwut geimpft. De jonke Joseph Meister war 14 Mol vun engem Hond gebass ginn, an de Louis Pasteur huet sech eng éischte Kéier getraut säin Impfstoff engem Mënsch ze sprëtzen.

D'Tollwut gëtt duerch de Spaut vun engem infizéierten Déier iwwerdroen. Den Dr Nico Haas:

06/07/2020 Tollwut 1

Dr Nico Haas: "... wat dann iergendwéi un de Mënsch muss kommen duerch d'Haut, duerch e Rass oder eng Wonn oder wann ee gebass gëtt, doduercher gëtt et iwwerdroen. Fir de Rescht brauch ee net ze fäerten, duerch de Kot gëtt näischt iwwerdroen, et geschitt nëmmen duerch de Spaut."

D'Symptomer vun der Tollwut wiere net direkt eendeiteg, esou den Dokter.

06/07/2020 Tollwut 2

"Déi Plaz wou et erakomm ass, do bäisst et, déi gëtt rout, déi entzünt sech. Da kann een de Kapp wéi kréien, et huet ee keen Appetit méi, et kritt ee Krämp. D'Inkubatiounszäit dauert tëscht 20 a 60 Deeg, a no enger gewëssener Zäit kommen ëmmer méi Komplikatiounen: et kann ee näischt méi ofschlécken, et gëtt eng reegelrecht Hydrophobie, dat heescht et kann ee säin eegene Spaut emol net méi ofschlécken. Dat gëtt dee berühmte Schaum virum Mond. An dann kënnt et zum Dout, duerch Otemstëllstand."

© Pixabay

Et gëtt keen Traitement vun der Tollwut, dofir ass d'Impfung dat Wichtegst wat et gëtt. Fréier goufen d'Fiiss mat Köderen geimpft.  1999 war dee leschte Fall vun Tollwut hei zu Lëtzebuerg, deemools gouf e Päerd vun engem Fuuss gebass. Eis Hausdéieren gi präventiv geimpft an dat ass och gutt esou. A wéi ass et mam Mënsch?
 

06/07/2020 Tollwut 3

"De Mënsch soll am Prinzip net am Viraus geimpft ginn, ausser déi Leit, déi domatter a Kontakt sinn, ewéi zum Beispill d'Véidokteren, Leit déi Fuerschung maachen mat Fliedermais oder a Laboratoiren schaffen, déi d'Tollwut ënnersichen. Fir de Rescht ass d'Impfung immens wichteg wann een de Verdacht huet, datt een gebass ginn ass oder a Kontakt war mat engem Déier, dat d'Tollwut huet. An da kann een doduerch nach eventuell en Ausbroch vun der Krankheet verhënneren."

Wann ee reest, muss ee sech am Virfeld informéieren, am Beschte bei der Travel Clinic am Centre Hospitalier. Hei am Land brauche mer eis wéi gesot net esou vill Suergen ze maachen. Dat ass e gutt Beispill dofir, wéi wichteg Impfunge sinn:

06/07/2020 Tollwut 4

"Do gesäit een: wa mer net d'Hënn géifen impfen, a wa mer d'Fiiss an der Zäit net geimpft hätten, da wier déi Tollwut net verschwonnen. Wat nach e wichtege Phänomen ass: de Fuuss huet de Fuussebandwuerm a sech (an dee kann déidlech si fir e Mënsch) an dofir sollt ee seng Déiere reegelméisseg entwuermen an da wat een aus dem Gaart hëlt, gutt ze wäschen ier een et ësst."

© Pixabay