Obwuel een denke kéint, et wier méi roueg ëm den Dalai Lama ginn, iwwerrascht de buddistesche spirituelle Leader dach ëmmer nees. Fir de 85. Gebuertsdag bréngt hien e Museksalbum eraus.

06/07/2020 Happy Birthday Dalai Lama 06h40

Fir seng 85 Joer huet den Dalai Lama sech domat selwer e Kaddo gemaach. 5 Joer huet d'Produktioun gedauert an haut kënnt dann den Album eraus.

Den Album mat 11 Stécker heescht „Inner World“. Musek a Mantra sinn dorobber ze fannen fir deene Leit ze hëllefen déi ënnert emotionalem Stress leiden. D'Idee fir dës Kompositioun koum vun enger Musekerin aus Neiséiland a laangjäreg buddhistesch Schülerin dem Junelle Kunin. Um Album sollen och Theme wéi Mutt a Mënschlechkeet verschafft ginn. Den Dalai Lama seet: de Sënn vum Liewen wier et esou ze déngen wéi e kann. Musek kann de Leit op eng Aart a Weis hëllefen, wéi ech dat  net kann. Weltwäit ass den Dalai Lama d'Symbol fir Harmonie.

Als Tenzin Gyatso gebuer, besser bekannt als 14ten Dalai Lama feiert en haut Gebuertsdag. 85 Joer al gëtt de buddhistesche spirituelle Leader, deen zwar seng politesch Funktiounen ofgetratt huet, ma nach ëmmer fir vill Leit symbolesch als Leader vum tibetanesche Staat gëllt an nach ëmmer net vun China unerkannt gouf. Den Titel geet zanter 1578 un een tibetanesche Buddhist. Déi aktuell Reinkarnatioun vum Dalai Lama kämpft zanter de 1950er fir d'Rechter vun engem autonomen Gebitt Tibet. E lieft zanter 1959 am indeschen Exil krut dofir och de Friddensnobelpräis.

Am Joer 2005 war den Dalai Lama zu Lëtzebuerg an der Coque. Eng éischte Kéier war hien wéi e selwer seet an dësem schéine Land. Obwuel en den Androck hat schonn eng Kéier hei gewiescht ze sinn. Am Dram wier ëm dat am Joer 1973 sou virkomm.