De Magazin hat dës Woch jo seng leschten Emissioun vun dëser Saison, elo geet et bei iwwer an de Summerprogramm. An fir dee geet et dëst Joer op eng Rees duerch de ganze Grand-Duché!

10/07/2020 Summerprogramm RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ganz nom Motto „Vakanz Doheem“ also – Corona oblige ne. Well och wann deen een oder aneren et sech sécherlech net wäert entgoe loosse bei der éischter Geleeënheet an e Fliger ze klammen fir an d’Ausland ze fueren oder mam Auto bis op d’Côte ze fueren, sou ginn et der awer och eng ganz Partie, déi hier Vakanzen am Grand Duché verbrénge wäerten an genee dat maachen och mir dëst Joer. Mir huelen eis Spectateuren also mat op en Tour duerch Lëtzebuerg, vum déiwe Minett bis an dat wonnerschéint Éislek, laanscht d’Musel an natierlech och an de Weste vum Land a weisen Iech déi schéinste Plazen vum Grand Duché.

Dëse Méindeg 13. Juli geet et also lass mam Summermagazin „Vakanz Doheem“, dee leeft dann ëmmer géint 20 op 7, also direkt nom Journal dee jo am Summer wéi gewinnt um 19 Auer ufänkt. Wat kritt een dann an där Sendung alles ze gesinn?

Traditiounen, Geschicht, Patrimoine, däers huet Lëtzebuerg jo ganz vill ze bidden … dat ganzt soll sou gesinn eng Postkaart fir eist Land sinn ma awer och fir d’Landsleit. Dëst Joer huele mer Iech also net nëmmen op déi schéinste Plaze mat a weisen Iech wat een alles hei zu Lëtzebuerg ënnerhuele kann ma mir setzen och d’Leit aus de verschidde Regiounen an d’Vitrinn. Aussergewéinlech Personnagen, Leit déi hir Géigend prägen an déi souzesoen Ambassadeuren vun hiren Dierfer sinn an déi sech fir hir Regioun engagéieren. Mir loossen dann och elo eng kéier kuerz Kappkino lafen, a ginn Iech e klengen Avantgoût op alles dat wat kënnt … an oppassen eng Stëmm dierft Iech am nächsten Extrait bekannt virkommen

CUT RADIO PROMO SUMMER

An Bob erëmerkannt wien ech virdru gemengt hunn? De bekanntsten Awunner vun der Fëschbecher Géigend huet eis a sengem Doheem empfaangen: den Ierfgroussherzog Guillaume deen eis duerch seng Heemescht féiert an eis déi flottste Plazen vun där Géigend weist!

An d’Sendung déi ass dann net wéi gewinnt aus de Studioen hei an der RTL City mä och d’Presentateuren deplacéieren sech an déi verschidde Géigenden

Effektiv gëtt d’Emissioun, déi vum Dan Spogen an Olivier Catani presentéiert gëtt dann och Live aus dem ganze Land produzéiert. Dat heescht all Dag melle mer eis vun enger anerer Plaz am Land: Mëllerdall, Diddeleng, Klierf, den Dal vun de 7 Schlässer, d’Fiels, d’Musel … munch Destinatiounen op déi mer eis freeën an op deenen mer dann och hoffentlech op nach e puer intressant Interviewpartner treffe wäerten

Vakanz Doheem de Summermagazin also vu nächster Woch un ëmmer Méindes bis Freides direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an duerno am Replay op rtl.lu