D'Anne Faber ass wuel mat eent vun deenen éischte Lëtzebuerger, déi vun Ufank un mat op den Zuch vun de sozialen Medien gesprongen sinn. Hautdesdaags gehéiert et einfach zu sengem Liewen dozou. Ob privat oder berufflech. An wien weess vläicht géing d'Anne eis soss vläicht net mat flotte Rezepter op der Tëlee verzauberen.

14/07/2020 Serie Social Media Perséinlechkeeten: Anne Faber

Ugefaangen huet alles mat engem Blog. D'Anne Faber, deemools nach Studentin an England, ass schonn vu jonken Joren un eng passionéiert Kächin, déi gär nei Kulturen an hir Iessgewunnechten kenneléiert. An déi hir Rezepter och gär mat aneren wëll deelen. Gebuer war d'Anne's Kitchen. Den Internetsite ass ëmmer méi populär ginn an dat definitiv och duerch d'Hëllef vun de sozialen Medien.

Am Laf vun der Zäit huet sech dat awer weiderentwéckelt. An elo sinn d'sozial Medien net nëmmen méi do fir säin Internetsite a seng Mark ze promoten. Mee et soll dat Ganzt och ergänzen. Dat mat zum Beispill "Behind the Scenes"-Videoen.

An dohannert stécht eng ganz Strategie. Nämlech dat privat mam geschäftlechen ze vermëschen, fir dass d'Leit dobaussen e Gefill dofir kréien, wien d'Anne ass. An dat ass méi Aarbecht, wéi déi meescht sech virstellen kënnen.

D'Anne Faber huet et fäerdeg bruecht frei genuch déi sozial Medien ze benotzen fir seng Mark "Anne's Kitchen" bekannt ze maachen.