Vakanz. Dat sinn déi Wochen op déi ee sech normalerweis e ganzt Joer freet. Corona huet alles e bësschen duercherneen gerëselt. Awer fält elo noutgedrongen alles an Waasser, oder gëtt et awer Hoffnung. Wat geet, a wat ass dëst Joer net méiglech? Deene Froen geet RTL haut de ganzen Dag no um RTL Vakanzendag. Dir hutt bestëmmt Froen zu der Vakanz, a mir sichen haut no den Äntwerten

07/07/2020 Alles fir d'Vakanz

Mir hunn den Usproch dass der op all är Froen eng Äntwert kritt, och wa mer wëssen dass vill Saachen muer schonn nees kënnen aneschter sinn wann Zuelen op enger Destinatioun eropginn. Mir huelen är Suergen eescht um Tel. 1381 oder maacht eis eng e-mail. De Formulaire ass elo op rtl.lu, an eis Experten melle sech zréck.