De 15. Juli ass normalerweis de Stéchdatum. Dat gëtt d'Lännchen eidel an och op de Stroossen vum Grand-Duché kënnt een besser virun. 2020 wärt do eng Ausnahm sinn. Haut ass den RTL Vakanzendag. Mir wëllen Iech haut weder zum reesen animéieren, nach wëlle mer Iech ofroden. Mir wëllen Iech just eng Äntwert op är Froen ginn déi dir Iech an dem Kontext stellt an dofir hu mer Experten aus alle Beräicher zesummegetrommelt déi Iech soen kënne wéi den Ist-Zoustand op de 7/7 ass.

07/07/2020 VD 16h40

Muer de ganzen Dag sinn et RTL Korrespondenten déi sech aus 6 Länner mellen fir Iech matzedeelen wéi et konkret de Moment zu Innsbruck, Barcelona oder beispillsweis a Griicheland ass.