Ee vun de ganz groussen Nimm aus der Welt vun der Moud kritt haut 86 Joer. An der klenger Stad Piacenza an Italien fänkt d'Geschicht vum Giorgio Armani un. Do kënnt hien den 11. Juli 1934 op d'Welt.

De Bouf vun engem Manager vun enger Transportfirma, den Ugo Armani, war ënnerwee fir Dokter ze ginn, säi Medezinstudium huet hien ofgebrach, wéi en ugefaangen huet Vitrinnen ze dekoréieren. Duerno huet den Giorgio sech ëm Ausstellunge gekëmmert, ier hien ugefaangen huet Moud fir La Rinascente zu Mailand anzekafen. Seng éischt Erfarungen als Designer sammelt den Italiener vun 1961 bis 1971 beim Nino Cerruti fir deen hien Härekostümer entworf huet. An der Zäit léiert hien och säi spéidere Partner, privat wéi berufflech, den Architekt Sergio Galeotti kennen. Mam Sergio schafft den Giorgio fir d'éischt nach e puer Joer fräiberufflech a grënnt 1975 d'Firma Giorgio Armani déi schonn e Joer méi spéit den internationalen Duerchbroch feiert. Ganz séier eruewert seng Moud och den amerikanesche Kontinent a kann do och säi Kënnen an der Filmbranche ënner Beweis stellen, a Filmer wéi American Gigolo oder All The President's Men gesäit ee Kreatioune vum Giorgio Armani. An den 80er wiisst den Imperium vum italieneschen Designer; et kënnt eng éischt Dammekollektioun op de Marché, an Zesummenaarbecht mat L'Oréal kënnt säin éischte Parfum eraus, Armani gëtt ee vun den erfollegräichste Parfume vun den 80er an hien entwërft d'Uniforme vun der italienescher Loftwaff. Privat gouf et an där Zäit e Réckschlag, säi Frënd a Geschäftspartner Galeotti stierft 1985 no 2 Joer Leukemie un engem Häerzinfarkt.1996 gesäit een den Eric Clapton, enke Frënd vum Armani, mat de Kleeder vun der italienescher Firma bei sengen Optrëtter, dat selwecht Joer muss hie sech wéinst Bestiechung viru Geriicht veräntweren, Armani war net déi eenzeg Firma déi viséiert war. Hie krut 9 Méint Prisong op Sursis.