Ob dat elo de Gaart, de Bësch oder de nächste Park ass. Wann d'Wieder elo besser gëtt, zitt et vill Leit nees méi eraus a virun allem an d'Natur. Grad elo iwwert d'Summerméint ginn et am Kader vum Projet "En Dag an der Natur" vill Aktivitéiten, déi sech ronderëm d'Natur dréien. Wéi eng dat sinn a wéi "Natur an Ëmwelt asbl" dëst Joer mat där spezieller Situatioun ëmgeet, huet d'Lea Schwartz fir eis nogefrot.

08/07/2020 En Dag an der Natur

"En Dag an der Natur" ass eng Campagne vun der "Natur an Ëmwelt asbl". Zesumme mat engen 30 Partner gi vun Abrëll bis eran an den August eng ganz Rëtsch un Aktivitéite ronderëm, iwwert a virun allem an der Natur ugebueden. Zum Beispill Yoga dobaussen, oder et kann een nokucke wa Villercher beréngt ginn oder un Atelieren, Workshoppen oder Vëlostier deelhuelen. Et ass also net just een Dag, mee direkt ganz vill Deeg an der Natur. Eng 300 Aktivitéite kommen do normalerweis zesummen. D'Sabrina Schaul vun "Natur an Ëmwelt" ass déi zweete Kéier mat dobäi. Si schätzt, datt dëst Joer ongeféier d'Hallschent huet missen ofgesot ginn.

Sabrina Schaul:
Wärend dem Lockdown war relativ kloer, datt Eventer net konnte stattfannen. Do hu mir nach eng Kéier alleguerten d'Organisateure kontaktéiert fir erauszefanne wéi eng Veranstaltung bestoe bleift, respektiv wéi eng eventuell nogeholl géife ginn, an hunn dann eisen Agenda ugepasst. Deen ännert nach vu Woch zu Woch, dofir ass et ëmmer interessant op "Natur an Ëmwelt" kucken ze goen, respektiv an den Agenda vun emwelt.lu

Et sollt een also am beschte kuerz virun der Aktivitéit nach eng Kéier bei deene respektiven Organisateuren nofroen. Mëttlerweil kënnen déi meeschten Eventer nees ofgehale ginn. Virun allem well bal alles dobaussen an der Natur ass. Dat hänkt also vun der Aktivitéit selwer of.

S. Schaul: Et ass dann och den Organisateur selwer deen entscheet wéi d'Veranstaltung ofgehale gëtt. Dat heescht zum Beispill mat oder ouni Mask, an dat dann oft ofhängeg vun der Unzuel vu Leit. Wat och elo nei dobäi komm ass, datt Veranstaltungen, déi virdru keng Umeldeflicht haten, dat elo awer hunn. Fir sech einfach besser drop virzebereeden an ze organiséieren. Mir hunn zum Beispill selwer d'Leit a méi kleng Gruppen agedeelt wéi dat bis elo de Fall war. Respektiv bei Workshops gekuckt, datt d'Leit net alleguer gläichzäiteg op enger Plaz sinn.

Dëst Joer ass déi 23. Kéier, dass "En Dag an der Natur" organiséiert gëtt. Virun allem am Ufank hätten d'Leit awer nach éischter gezéckt fir sech unzemellen. Mëttlerweil wär dat net méi de Fall. Am Géigendeel, och ausserhalb vum Projet.

S. Schaul:
Wat mir awer op eiser Berodungsstell gemierkt hunn, datt eis Berodungsstell vun "Natur an Ëmwelt" a vum Haus an der Natur extrem gefrot waren. Well d'Leit warscheinlech méi Zäit op hirem Balcon, respektiv am Gaart verbruecht hunn. Et koume ganz vill Froen zu Harespelen, respektiv Harespelsnäschter awer och aneren Insekte ran. A mir mengen, dass dat och haaptsächlech méi domadder ze dinn huet, datt d'Leit méi dobausse waren, méi spadséiere waren an sech méi an der Natur opgehalen hunn.

D'Aktivitéite ginn deelweis vun der asbl selwer ugebueden oder vu verschiddene Veräiner, Gemengen oder aneren Organisatiounen. Déi verschidde Partner schécken hir Evenementer eran, "d'Natur an Ëmwelt asbl" sammelt dës a stellt all d'Informatiounen an hirer Broschüren zur Verfügung.

Sabrina Schaul: Zousätzlech vum Dag an der Natur huet "Natur an Ëmwelt" elo beschloss en eenzelen Agenda erauszeginn mat Aktivitéite wärend der Summervakanz, déi entweder nogeholl goufen oder nei Aktivitéiten, déi dobäi komm sinn. Fir sou e bëssen d'Campagne "Vakanz doheem" ze ënnerstëtzen, natierlech ganz an der Hoffnung, datt d'Leit d'Natur weiderhi wäertschätzen an eventuellen Dreck net do leie loossen. An och soss sech un d'Reegelen ze halen, déi virgesi sinn.