Dacks zéien se laanscht d'Äerd an déi meescht sinn nëmme mam Teleskop ze gesinn. Ma op den Neowise freeën sech net nëmmen Hobby-Astronomen. Den helle Komet ass nämlech mam bloussen A ze gesinn. D'Michèle Schons huet beim Eric Buttini aus dem Naturmusée nogefrot.

10072020 De Komet Neowise ass den Ament ze gesinn

Eng Éiwegkeet ass en duerch eise Sonnesystem gezunn, elo taucht en op eisem Nuetshimmel op. Hobby Stärekuckerten dierfen sech op en neie Komet freeën, deen ee mam bloussen A ka gesinn, an dat nach bis Enn des Mounts. Entdeckt gouf de Komet Enn Mäerz, an zwar duerch de Weltraumteleskop Neowise, dohier och säin Numm.

Komete fléien zwar dacks laanscht d'Sonn, allerdéngs sinn déi meescht nëmme mam Teleskop ze gesinn. Ganz seele sinn dogéint déi hell Stäreschnäize wéi déi spektakulär Kometen Hale Bopp an Hyakutake, béid an den 90er Joren. Spannend ass och ze wëssen, dass den C/2020 F3, alias Neowise just all 5000 bis 7000 Joer der Äerd esou no kënnt, dass e mam bloussen A ze gesinn ass. Wéi hell de Komet da liichte wäert wann en den 23 Juli der Äerd am noosten ass, ass nach net kloer, well Kometen ëmmer e bëssen onberechenbar bleiwen.