De Max-Planck-Institut huet rezent eng nei Etüd publizéiert aus der ervir geet, datt wa vill Neandertaler an eis stécht, mir eis och vill méi uerg um Coronavirus kënnen infizéieren. Dës nei Resultater werfen awer eng ganz Partie Froen op a bis ewell huet och nach keng Fachzeitung dës Etüd publizéiert a kommentéiert. De Loïc Juchem huet zu Lëtzebuerg am Naturmusée nogefrot.

13/07/2020 Wat huet den Neandertaler mat Corona ze dinn?

Genetesch sinn d'Neandertaler nach ëmmer ënnert eis, dat wësse mer schonn zanter engem hallwe Joerzéngt. Hir DNA ass verantwortlech fir méi Nowuess, beaflosst eis Haut- an Hoerfaarf, d'Stëmmung an och wéi aktiv mer an der Nuecht sinn. Ronn 2 Prozent vun eisem Genom kommen haut nach ëmmer vun de Neandertaler.

De Max-Planck-Institut fir evolutionär Anthropologie ass elo dovun iwwerzeegt erausfonnt ze hunn, datt mer vill méi 

e schwéiere Verlaf vun der Corona-Infektioun hunn, wa vill Neandertaler an eis stécht. Dobäi gouf sech vrun allem op d'Auswäertung vun Donnéeën aus Spuenien an Italien baséiert. Et gouf also d'Hypothees opgestallt, datt bestëmmte Variante vun de Beräicher vum Genom, jee nodeem a wéi enger Variant se virleien d'Coronainfektioun méi schlëmm ka verlafen.

 

Aktuell héiert ee permanent vu neien Etüden, déi publizéiert ginn an et gëtt dowéinst och ëmmer méi schwéier ze préiwen ob et effektiv eng seriö Recherche ass. De Paleontolog Dr. Ben Thuy, deen am Naturmusée schafft, betount awer, datt wëssenschaftlech Publikatiounen e standardiséierte Wäerdegang hunn, fir dann um Enn och als Verëffentlechung ze gëllen. 

 

Ben Thuy: Déi Fachzäitschrëft sicht dann an der Reegel 2-3 Wëssenschaftler aus dem selwechte Gebitt eraus, fir eng onofhängeg Iwwerpréiwung vum Artikel an der Etüd ze maachen. Jee no Kompetitivitéit vun der Zeitung sinn déi Kriticke mol méi streng mol manner streng, mee egal wéi muss eng wëssenschaftlech Publikatioun duerch dee Prozess vun der Iwwerpréiwung

 

Dofir géing dat dann och ëmmer sou laang daueren. An dësem Fall ass et awer sou, datt dat wat et an d'Noriichte gepackt huet, just e Rapport ass, dee vun den Auteure selwer publizéiert ginn ass, ouni Iwwerpréiwung vun de Fachkolleegen. Dat ass awer net nei, dacks ginn d'Rapporte publizéiert an da gëtt fir d'éischt mol ëffentlech driwwer diskutéiert.

 

Ben Thuy: Lo an de Coronazäiten ass et natierlech sou, soubal sou eng Noriicht kënnt, da gëtt dat op en Niveau gesat mat enger wëssenschaftlecher Publikatioun wat et awer nach net ass, et kéint eng ginn.

 

Dernieft seet de Ben Thuy dat de Wëssens- an Informatiounshonger aktuell extrem grouss ass, dofir géingen et dann och bal all Dag nei Publikatioune ginn. Et gëtt och an der Wëssenschaft eng Differenz tëscht exzellenten Zeitunge mat guddem Ruff, wou kengem e Gefale gemaach gëtt an deenen Zeitungen wou engem säin Artikel, wann d'Geld stëmmt, egal wéi publizéiert gëtt. Zréck bei eist rezent Beispill Neandertaler a Corona, nach emol de Ben Thuy.

 

Ben Thuy: Wat ech bis elo gesinn, kléngt éischt schwiereg et ass schwéier opgrond vun den Donnéeën, déi gewise ginn, datt et en reellen Zesummenhang gëtt, deen net einfach op Artefakte baséiert. En anere Problem ass, datt d'Grondlag vun der Behaaptung, datt bestëmmte Beräicher vun dem Genom eng Ufällegkeet fir e schwéiere Verlaf vun der Coronainfektioun verantwortlech sinn, net onëmstridden ass. Dat ass och frësch publizéiert, normalerweis mussen aner Etüden dëst nach kritesch beleeën, éier ee ka soen dat et eng robust Ausso ass.

 

D'Etüd mam Zesummenhang tëscht Neandertaler a Corona ass also mat Virsiicht ze genéissen. Vrun allem well d'Zuele jo ganz aktuell sinn an et relativ jonk Resultater sinn.

Ben Thuy: Et ass onrealistesch vun de Leit ze verlaangen, datt si den Ennerscheed gesinn tëscht seriöen an net seriöen Zeitungen. Wat een awer ka soen, dass eng wëssenschaftlech Etüd net innerhalb vu Woche vun der Entdeckung bis zu der Publikatioun realiséierbar ass. Et ass einfach wëssenschaftlech net iwwerpréifbar, dat brauch seng Zäit.