Dee grousse Blonden mam Schong, an e Proff a seng Schoulklass mat groussem Häerz, waren d'Invitéen vum leschten LIVE! planet people virun der Summerpaus beim Raoul Roos .

Den Dylan Thiry gouf mat senge Mocassinen a Frankräich bekannt. Zanterhier lieft den Influencer zu Dubai, a no senger Trennung huet en de Kapp fräi fir vill nei Projeten. De Lëtzebuerger deen duerch déi franséisch Sendung Koh-Lanta bekannt gouf an dono an e puer aneren Realityformater war, ass no 2 Joer nees Single. Geplangt ass elo mol Vakanz zu Saint Tropez a Cannes ier en seng eegen Kleedermark erausbréngt an nees an engem neien Tëleesformat ze gesinn ass. An niewebäi engagéiert e sech och nach an der Aide humanitaire.

11-07-2020 LIVE (1) Dylan Thiry

De Marc Zimer ass Proff am Lënster Lycée a war am Februar, also sou just viru Corona mat senger Klass an de Kamerun. Eng Rees déi seng Schüler bis haut markéiert an inspiréiert huet. D'Situatioun ass do de Moment alles anescht wéi roseg, och finanziell ass d'Zukunft vun där Schoul net geséchert an dofir schaffe si un enger Konventioun mat hinnen fir dat schoulescht Liewen um lafen ze halen.

11-07-2020 LIVE (2) Marc Zimer

Fir ze weisen, dass gëschter awer och schonn e bësschen Vakanzestëmmung a vill Spaass um Plateau war, hei nach e flotte Moment, wou den Dylan sech mam Mathesproff gemooss huet.

11-07-2020 LIVE (3) Mathe