Et muss een net ëmmer wäit rennen, fir eppes ze erliewen! Déi lescht Méint war et éischter roueg wat Attraktiounen an der Stad uginn, ma dat sollt sech awer elo änneren. D'Stad lieft - esou de Motto vum Summerprogramm vun der Stad Lëtzebuerg. D'Nicky Soisson huet Iech scho mol 2 Attraktiounen erausgepickt.

14072020 Summerprogramm Stad Letzebuerg

Vakanz heiheem – nach ni waren dës Wieder esou dacks ze liesen wéi dëst Joer – Corona léisst gréissen.

Ma wa mir da net op d’Plage kënne fueren, da kënnt d’Plage ebe bei eis!

Dat huet sech d’Stad Lëtzebuerg och esou geduecht an huet esou 2019 de Projet “Theaterplage” an d’Liewe geruff an d’Theaterplaz an eng grouss Beach verwandelt.

No deem grousse Succès lescht Joer, kann een och dëst Joer nees Plagefeeling matten an der Stad erliewen. D’Theaterplage mécht et méiglech! Säit e Samschden an nach bis den 13. September kënnt Dir hei är Féiss op engem Ligestull an enger riseg grousser Sandkëscht vun 350m2 héich leeën, déi eng oder aner Partie Bull spillen an Iech et mat engem kalen Drink, enger Glace oder eppes ze knabbere sou richteg gutt goe loossen.

A wann Dir wëllt, kënnt Dir och nach är musikalesch Talenter ënner Beweis stellen – en dekoréierte Piano waart nëmmen drop gespillt ze ginn.

Wann Dir awer net sou frou mam Sand sidd, da maacht dach einfach mol en Tuer op d'Kinnekswiss. Och do besteet d'Méiglechkeet, fir e puer Stonnen op mannst, dee gewëssene Summerfeeling ze erliewen. Eng Piscine gëtt et zwar och hei net, dofir awer e Riserad op deem een eng super Vue op eis schéi Stad huet. Dono kann ee sech et dann och hei an enger Lounge op engem Ligestull gemittlech maachen an eppes Gutts drénken oder iessen. De Kugener ass mat 2 Chalet'en do vertrueden a bréngt Iech deemno och e Stéck Schueberfouer an d'Häerz.

Ab haut gëlt also fir d'schaffend Vollek an der Stad: an der Mëttegstonn d'Krawatt aus an d'Tallekeschong an den Eck an d'Aarbecht fir e kuerze Moment vergiessen! A fir all déi aner ass et d'Méiglechkeet, eis Stad mol op eng aner Aart a Weis ze erliewen :)

Weider Informatioune ginn et op

Vun haut u presentéiere mir Iech iwwregens elo all Dag an dat de ganze Summer iwwer eng gutt Adress fir dass Äre Summer och hei zu Lëtzebuerg an Emgéigend onvergiesslech gëtt!