Theoretesch wier dëse Sonnden erëm deen traditionellen « Alles op de Vëlo «  – e flotte Rendez-vous fir d’ganz Famill, wou sech kleng a grouss tëscht Mamer a Miersch fräi mam Vëlo deplacéieren an dobäi d’Natur genéisse kënnen, well d’Stréck deen Dag komplett fir de Verkéier gespaart ass. Wéi esou vill Evenementer, kann och den “Alles op de Vëlo” dëst Joer leider net wéi gewinnt oflafen, Nicky Soisson.

14072020 Aktioun Alles op de Velo

Déi lescht Wochen a Méint hunn awer gewisen, dass sech ëmmer méi Leit fir de Vëlo begeeschteren. An deem Kader well de Mouvement écologique d’Chance notzen a sech dofir asëtzen, dass de Vëlo nach méi staark promouvéiert gëtt wéi bis ewell. An esou koum dunn d'Iddi vun engem e bëssi aneren "Alles op de Vëlo" entstanen, Cédric Metz, Coordinateur vum Projet:

Mir hunn eis dëst Joer e ganz speziellen "Alles op de Vëlo" afale gelooss, well mir gemierkt hunn, dass ëmmer méi Leit sech begeeschteren an dass Vëlosinfrastrukturen awer nach net iwwerall um Top sinn. An dofir kënnen si eis dëst Joer Videoen eraschécken vu Plazen déi geféierlech sinn, wou d'Vëlospisten net fäerdeg sinn, wou Vëlosinfrastrukturen nach net um Top sinn, awer och vu flotte Plazen fir als gutt Beispiller ze déngen. A mat deene wëlle mer dann dono politeschen Drock ausüben an eng Kommunikatiounscampagne maachen an analyséieren wat nach alles misst gemaach ginn fir dass de Vëlo endlech zur Prioritéit gemaach gëtt.

Mat deene Videoen déi Dir eraschéckt, ka jiddereen hëllefen d’Infrastrukture hei am Land ze verbesseren:

Mir wäerten all déi Videoen, all déi Bäiträg déi mir geschéckt kréien, bei eis sammelen a mir wäerten se warscheinlech a verschidden Thematiken opdeele fir ze kucke wat beienaner passt an da wäerte mer déi dono u Gemengen, un Autoritéite schécken déi dofir zoustänneg si Vëlosinfrastrukture weider ze entwéckelen an och fir ze weisen "mir wëlle méi Vëlo fueren" a jiddereen deen eis eppes eraschéckt ass natierlech dann och e groussen Deel vum Erfolleg vun eiser Campagne.

Dir kënnt är Video’en nach bis e Sonndeg, den 19. Juli eraschécken:

Sief et iwwer Email, op eis E-Mail-Adress coordination@meco.lu, awer och iwwert eis Facebooksäit a souguer iwwer Whatsapp kann een eis Saachen eraschécken, déi Nummer ass op eisem Internetsite ze gesinn. Sou dass fir jiddereen eppes misst dobäi sinn, och fir déi grouss Dateien kann een och iwwer Dropbox oder iwwer Wetransfer dat zouschécken.

Sämtlech Infoe fannt Dir um Internetsite link]www.meco.lu[/link].